William Huggins

Vu Wikipedia
William Huggins
Gebuer 7. Februar 1824
London
Gestuerwen 12. Mee 1910
London
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich
Educatioun City of London School
Aktivitéit Astronom, Physiker, Astrophysiker, Fotograf
Member vun Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Accademia Nazionale dei Lincei, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, National Academy of Sciences

De Sir William Huggins gebuer de 7. Februar 1824 zu London, England a gestuerwen den 12. Mee 1910 och zu London, war en engleschen Astronom a Physiker.

Hien huet 1856 e Privatobservatoire bei London gebaut, an zesumme mat senger Fra Margaret Lindsay Huggins als Pionéier um Gebitt vun der Spektroskopie gefuerscht, an dat duerch Observatioune vun den nei entdeckten Emissiouns- an Absorptiounslinne bei verschiddenen astronomeschen Objeten (Spektralanalys).

Den Huggins war den éischten Astronom, den tëscht Niwwelen a Galaxien duerch d'Observatioun vun de Spektren ënnerscheede konnt. Dofir huet hien d'Spektre vu cheemeschen Elementer ënnersicht, an huet seng Resultater mat Zeechnunge vun hire Spektren, deemools eppes ganz Neies, an de Philosophical Transactions publizéiert. Am Joer 1863 huet hien nogewisen, datt an de Stärespektren déi selwecht cheemesch Elementer ugewise gi wéi op der Äerd. 1866 konnt hie bei enger Observatioun vun enger Nova feststellen, datt de baussenzege Mantel aus Waasserstoff besteet. Hien huet och d'Beweegung vu Stäre mat Hëllef vun der Spektralanalys erfuerscht, andeems hien den Doppler-Effekt am Spektrum vum Sirius fonnt huet.

Am Joer 1897 gouf den Huggins an den Adel gehuewen. De Sir William Huggins huet d'Copley Medail 1898 an d'Bruce Medail 1904 kritt. Vun 1900 bis 1905 war hie President vun der Royal Society.

E Krater um Äerdmound an um Mars, souwéi en Asteroid Huggins sinn no him genannt.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Spectrum analysis, applied to the heavenly bodies. (1866)
  • On the spectra of some of the fixed stars and nebulae. (1863-1868)
  • Further observations on the spectra of some of the stars and nebulae. (1868)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: William Huggins – Biller, Videoen oder Audiodateien