William Parsons

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De William Parsons, 3. Earl of Rosse KP gebuer de 17. Juni 1800 zu York a gestuerwen den 31. Oktober 1867 op Birr-Castle, war en ireschen Astronom.

William Parsons, 3. Earl of Rosse

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Bis zum Doud vu sengem Papp huet hie Lord Oxmantown geheescht a gouf dunn den drëtten Earl of Rosse. Nom Privatunterrecht huet hien 1818 op der Universitéit Dublin studéiert an ass 1819 op d'Oxford gaangen. Hien ass 1821 an d'Ënnerhaus gewielt ginn (bis 1834). Schonn 1824 gouf hien an d'Royal Astronomical Society opgeholl. 1831 gouf de Rosse Lordlieutenant vum King's County an 1834 Colonel vun der Miliz. Am Februar 1845 gouf hien zum Representativpeer vun Irland gewielt. Vun 1848 bis 1854 war hie President vun der Royal Society, a vun 1862 Kanzler vun der Universitéit Dublin. Am Joer 1836 hat hien d'Mary Wilmer-Field bestuet; si hate véier Jongen.

Leeschtungen[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1826 huet de Lord Rosse op sengem Landsëtz en Observatoire gebaut. D'Instrumenter huet en ënner senger perséinlecher Leedung fabrizéiere gelooss. 1828 huet hie seng Experienze beim Schläifen a Poléiere vum Spigel am Edinburgh Journal of Science verëffentlecht. Nodeem en 1839 e Spigelteleskop vu 36 Zoll (91 cm) Duerchmiesser fabrizéiert hat, (d'Bauweis huet där vun den Teleskope vum Wilhelm Herschel geglach), huet hie Stärekéip an Niwwelen, wéi den M27 oder den M31, observéiert. Dobäi huet e gemengt, Hiwäiser op Kéip vu Stäre an den diffuse Gasmassen ze fannen. Niewebäi huet hien dem „Krabbenniwwel“ M 1 säi Spëtznumm ginn. Fir d'Opléisungsverméige weider ze verbesseren an déi richteg Natur vun niwwelegen Objeten ze klären, huet hie mat engem Opwand vun 12.000 Pond-Sterling e Risenteleskop gebaut, dat 1845 fäerdeg gouf. Den Haaptspigel hat 72 Zoll (1,83 m) am Duerchmiesser an hat eng Brennwäit vu 16 m. Dësen Teleskop huet sech duerch eng, fir déi deemoleg Zäit, immens héich Liichtstäerkt ausgezeechent an huet séier de Spëtznumm "Leviathan of Parsonstown" kritt. De Lord Rosse huet mat senge Mataarbechter verschidden Technike selwer entwéckelt, fir dat Instrument un d'Goen ze kréien.

Zeechnung vum M 51 vum Lord Rosse

Dem Rosse säin Intressi louch bei den Niwwelflecken, déi haut als Stärekéip oder Galaxien erkannt sinn. Hien huet scho wéineg Wochen nom Start mat sengem neien Teleskop bei der Galaxis "M 51" (a spéider bei 13 weideren) als Éischten d'Spiralstruktur entdeckt (kuckt d'Zeechnung).

Well de Lord Rosse – anescht wéi de Wilhelm Herschel – net un een Universum dat sech géif developpéieren, gegleeft huet, huet hien no Beweiser gesicht, datt déi niwweleg Flecker, aus deene sech, sou den Herschel, Stären entwéckelen, tatsächlech aus ville klenge Stäre bestinn. An dësem Sënn huet e behaapt, hien hätt den Orionniwwel an Eenzelstären opléise kënnen, wat beim Herschel rosen Attacke provozéiert huet. (D'Fro konnt eréischt spéider mat Hëllef vu Spektralanalyse gekläert ginn: den Orionniwwel ass als Emissiounsniwwel en echte Gasniwwel, d'Liicht vun de Galaxië kënnt awer vu Stären. Zu dësem Resultat war scho säi Jong Laurence komm, nodeem hie mat dem 36-Zoll-Teleskop 11 Niwwelspektre visuell ënnersicht hat.)

D'Iddi, d'Niwwel géifen aus Stäre bestoen, war keng Erfindung vum Lord Rosse. Schonn den John Herschel hat spekuléiert, den M51 wier e Brudder („brother system“) vun der Mëllechstrooss an hat, genee wéi de William Smyth, d'Theorie vertrueden, si wiere gigantesch Systemer aus ganz ville Stären. De Lord Rosse hat d'Hoffnung, mat sengem Risenteleskop Niwwele wéi den M51 opléisen ze kënnen. Hien huet awer mam Sichen d'Spiralstruktur erkannt an huet domat d'Diskussioun iwwer déi richteg Natur vun dëse Systemer nees frësch lancéiert.

Nieft den Niwwelflecken huet de William Parsons och d'Temperatur vun der Mounduewerfläch ënnersicht.

Seng sëllech Fuerschungsresultater goufen ënner dem Titel "Observations of Nebulae and Clusters of Stars made with the 6-foot and 3-foot Reflectors at Birr Castle" duergestallt.

De Lord Rosse war och karitativ beschäftegt an huet versicht, d'Nout a sengem Land ofzeschwächen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Letters on the state of Ireland (London 1847).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: William Parsons – Biller, Videoen oder Audiodateien