William R. Forman (Astrophysiker)

Vu Wikipedia
William R. Forman
Gebuer 20. Joerhonnert
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit,
Harvard Universitéit
Aktivitéit Astrophysiker, Fuerscher
Member vun International Astronomesch Unioun

De William R. Forman, gebuer am 20. Joerhonnert ass en amerikaneschen Astrophysiker an Auteur vun astrophyseschen Artikelen. Hien ass Copresident vum Harvard-Smithsonian Center for Astrophysics zu Cambridge.

De Forman huet bis 1969 um Haverford College studéiert a gouf am Juni 1970 op der Harvard Universitéit mat Röntgenstralobservatioune beim Uhuru promovéiert. Duerno ass hie mat sengen Observatioune besonnesch bei Galaxien a Galaxiëkéip mat de Röntgensatellitten High Energy Astronomy Observatory 2 (Einstein Observatoire), ROSAT, XMM-Newton a Chandra weidergefuer. Vun 1991 bis 2006 huet hien déi wëssenschaftlech Organisatioun vu Chandra geleet.

1985 krut hie mat senger Fra Christine Jones den éischte Bruno-Rossi-Präis fir d'Entdeckung vu Beräicher mat waarme Gasen ëm hell elliptesch Galaxien. 1979 krute s'alle béid de Bart J. Bok Prize vun der Harvard Universéit.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]