William Wilson Morgan
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De William Wilson Morgan, gebuer den 3. Januar 1906 zu Bethesda, Tennessee; gestuerwen den 21. Juni 1994 war en US-amerikaneschen Astronom.
Hien huet um Yerkes-Observatoire geschafft. Säin Haaptaarbechtsgebitt war d'Spektralklassifikatioun. Zesumme mam Philip Keenan entwéckelt hien d'MK-System. Unhand vun Distanzbestëmmunge vun der O- a B-Stären huet hien zesumme mam Donald Edward Osterbrock an dem Stewart Sharpless d'Spiraläerm vun der Mëllechstrooss nogewisen.
Éierungen [änneren]
- 1958 Bruce Medail
- 1961 Henry Norris Russell Lectureship
- 1980 Henry Draper Medal
- 1983 Herschel Medail
Och en Asteroid Nummer 3180 Morgan ass no him genannt ginn.