Williamina Fleming

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Williamina Fleming

D'Williamina Paton Stevens Fleming, gebuer de 15. Mee 1857 zu Dundee, Schottland, a gestuerwen den 21. Mee 1911 zu Boston, Massachusetts, war eng US-amerikanesch Astronomin. Si hat e System fir d'Klassifizéierung vun de Stären entwéckelt an hat vill Gasniwwel, Stären an Novaen entdeckt.

Hir Eltere waren de Robert Stevens an d'Mary Walker Stevens. D'Williamina hat d'ëffentlech Schoulen zu Dundee besicht a gouf mat 14 Joer Léierin. Si huet sech mat dem James Orr Fleming bestuet. Mat 21 Joer ass déi jonk Koppel op Boston geplënnert. Wéi si iwwer hirem Jong Edward war, huet hire Mann si eleng geloos. Sou huet si missten Aarbecht sichen, fir hire Liewensënnerhalt ze verdéngen.

Si krut eng Plaz als Déngschtmeedchen am Haus vum Professer Edward Charles Pickering. De Pickering war mat senge männlechen Assistenten um Harvard College Observatoire onzefridden a seet, säin Déngschtmeedche kënnt deenen hir Aarbecht besser maachen. Sou huet de Pickering 1881 d'Willimina ugestallt, Büroaarbechten am Observatoire ze maachen. An hirer Zäit op där Plaz huet si sech e System fir d'Klassifizéierung vun de Stären ausgeduecht an huet gehollef, et anzeféieren. D'System baséiert dorop, all Stär e Buschtaf bäizeuerdnen an Ofhängegkeet dovun, wéi vill Waasserstoff a sengem Spektrum observéiert konnt ginn. A-Stäre haten am meeschte Waasserstoff, B-Stäre e bëssi manner, a sou weider.

D'Annie Jump Cannon verbessert d'System an entwéckelt eng méi einfach Klassifizéierung opgrond vun der Temperatur. D'Fleming bedeelegt sech un der Katalogiséierung vun de Stären, déi spéider als Henry-Draper-Katalog publizéiert gouf. An 9 Joer katalogiséiert si méi wéi 10.000 Stären. Bei hirer Aarbecht entdeckt si 59 Gasniwwel, 310 Verännerlech Stären an 10 Novaen. 1907 publizéiert si eng Lëscht vun 222 verännerleche Stären, déi si entdeckt hat.

Si krut d'Verantwortung fir Dosende vu Fraen, déi ugestallt waren, mathematesch Klassifikatiounen duerchzeféieren, a si redigéiert d'Publikatioune vum Observatoire. 1899 krut si den Titel 'Kurator fir Astronomesch Fotografien' an am Joer 1906 gouf si Éieremember vun der Kinneklecher Astronomescher Gesellschaft vu London - déi éischt Fra, déi déi Éier krut. Kuerz duerno krut si ee Éierestipendiat um Wellesley College.

Kuerz virun hirem Doud gëtt si vun der Mexikanescher Astronomischer Gesellschaft fir d'Entdeckung vu neie Stäre mat der Guadalupe Almendaro Medail ausgezeechent. Si ass 1911 zu Boston un enger Longenentzündung gestuerwen.

Saturn 01.svg Portal Astronomie