Willy Prinz

Vu Wikipedia
Willy Prinz
Gebuer 1877
Gestuerwen 17. Mee 1942
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Boxer

De Wilhelm (Willy) Prinz, gebuer den 29. Mee 1877 zu Wuermer[1] an de 17. Mee 1942 och do gestuerwen[2], war e lëtzebuergesche Boxer.

1897 ass hie fir 3 Joer an d'USA ausgewandert. Déi dräi Joer haten et a sech.

Mat net grad 21 Joer ass hie mam Schëff iwwer Antwerpen op New York emigréiert. Do huet hien een anere Wuermer Emigrant, de Gruete Pidac (=Peter) kennegeléiert. No verschiddenen Aarbechten als Schnéischëpper a, wa kee Schnéi louch, als Schongwichser, koum hie bei engem Boxmatch, deen hie mat sengem Kolleeg kucke war, a Kontakt mat der Boxzeen. Wéinst senger grousser a kräfteger Gestalt gouf hien de Sparringpartner vum englesche Boxweltmeeschter, Bob Fitzsimmons, deen an den USA gelieft huet. Hien huet souguer zweemol am Coney Island Athletic Club géint de Fitzsimmons gekämpft a verluer. Trotzdeem ass hien domat den éischten an eenzege Lëtzebuerger dee géint en amtéierende Weltmeeschter am Schwéiergewiicht geboxt huet. An der selwechter Zäit ass zu New York de stäerkste Mann vun der Welt, de John Marx, opgetrueden. Op enge vu senge Virstellunge war och de Willy Prinz. Den John Marx huet no sengem Optrëtt de Publikum opgefuerdert et him nozemaachen an déi schwéier Gewiichter ze hiewen. All d'Kandidaten hu se net gepackt bis op de Willy Prinz. Wéi hie säi Präis vum John Marx krut, ass hie gewuer ginn datt deen och e Lëtzebuerger war, nämlech de John Grün vu Munneref.

No enger kuerzer Zäit bei der Eisebunn huet de Willy Prinz sech den 2. Juni 1898 an d'amerikanesch Arméi gemellt. Bannen dréi Woche war hien am 19. Infanterie-Regiment zum Grenadéier ausgebilt. Schonn den 22. Juni 1898 goung hie mam Regiment, de „Rough Riders“, dat de spéidere President Theodore Roosevelt kommandéiert huet, an de kubaneschen Onofhängegkeetskrich. Hie koum zu Siboney bei Santiago de Cuba u Land. De 16. Juli huet Santiago kapituléiert an dem Prinz säi Regiment gouf vu Kuba ofgezunn, fir Puerto Rico ze besetzen, dat och banne puer Deeg geschitt war. De 15. Abrëll krut hie säin Entloossungschäi mat der Mentioun „excellent“. Op dem Dokument ass als Beruff vum Prinz, „butcher“, uginn. Effektiv war hien um Enn vu senger Krichscarrière Metzler vu senger Kompanie.

1900 goung de Willy Prinz op Wuermer zeréck. Hien huet do eng Metzlerei opgemaach. Spéider huet hien och nach ee Brennerei- a Likörbetrib, mat engem Spirituosegeschäft an der Stad, op Nummer 10 an der Avenue de la Gare, ugefaangen. Hie gouf an de Gemengerot gewielt. 1935 huet hien den Hotel de la Plage zu Wuermer opgemaach.

De 24. Juli 1924 krut hien doheem zu Wuermer, vum amerikanesche Konsul, d'Kräiz vun de Veteranen aus dem Spuenesche Krich vun 1898-1902 an d'Medail vun der Besatzungsarméi 1898 vu Puerto Rico iwwerreecht.

Hie war mat der Christine Braun vun Hoen bestuet, enger Kusin vum Minister Pierre Braun. Hiren eenzege Jong, den Edouard Prinz, hat vun 1936 bis 1962 den Hotel Prinz zu Diddeleng, bei der Kierch. Hanner der Téik houng sengem Papp säin Entloossungschäi vun der Kuba-Arméi. 1944/1945 war den Hotel Sammelpunkt vun den Amerikaner. Wéi den US-Generol Omar Bradley och een Dag do war huet hien d'Dokument gesinn a gesot: I tramped the whole world, never saw a discharge like that.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Revue, Joergang 25 (1970), Nr. 51, S. 118-126, Léon Nilles: Ein Luxemburger kämpfte auf Kuba

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsakt vum Wilhelm Prinz
  2. Doudesannonce vum Willy Prinz am Luxemburger Wort vum 19. Mee 1942