Willy Wenkin

Vu Wikipedia
Willy Wenkin
Gebuer 27. September 1920
Gestuerwen 21. Mäerz 1945
Nationalitéit Lëtzebuerg

De Willy Wenkin gebuer de 27. September 1920 zu Weller a gestuerwen zu Houfelt den 21. Mäerz 1945 war e lëtzebuergesche Resistenzler deen ënner dem Kommando vum Jacques de Villenfagne de Sorinnes aktiv an der Belscher Resistenzgrupp B2 war.

Hie war ë. a. um Iwwerfall bei Houyet op en däitsche Convoi matbedeelegt, bei deem en SS-Generol an eng ronn 50 Gestapoleit a Wehrmachtzaldoten hiert Liewe gelooss hunn.

Als Erënnerung un déi Resistenzgrupp gouf d'Kapell Notre-Dame du Maquis tëscht Houyet an Hérock opgericht. Op zwou Placken an der Kapell sinn d'Nimm vun den dräizéng Membere vun der Grupp opgezielt, dovun zéng Belsch, een Australier an zwéi Lëtzebuerger, de Willy an de Jean Stephany vun Huldang.

De Willy Wenkin gouf nom Krich mat dem Resistenz-Kräiz ausgezeechent.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mémorial N°27 vum 7. Mee 1960