Wilson-Bappu-Effet

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Wilson-Bappu-Effet ass e physikalesch-astronomeschen Effet, dee fir d'Distanzbestëmmung vu Stäre benotzt gëtt.

Am Joer 1957 hunn den Olin C. Wilson an den M. K. Vainu Bappu déi bemierkenswäert Korrelatioun tëscht der Breet vun der Emissiounslinn am Zentrum vun Ca II K an der absoluter Hellegkeet vun engem Stär publizéiert . Dësen Effet gëtt Wilson-Bappu-Effet genannt. Den Effet ass onohängeg vum Spektraltyp vum Stär a gëllt fir d'Spektraltypen G, K an M.

Déi Method ass eng vu ville Méiglechkeeten fir extragalaktesch Distanzen ze bestëmmen. Sou bal een déi absolut Hellegkeete kennt, kann ee mat der Formel

\ M - m = - 2{,}5\cdot log_{10}(F_1/F_2) \,.

d'Distanz bestëmmen. Obwuel an der Theorie bei där Method d'Méiglechkeet besteet, zouverlässeg Distanzberechnunge fir Stäre bis zu enger Distanz vu 7 Megaparsek ze maachen, gëtt si am Allgemengen nëmme fir Stäre mat enger Distanz bis zu e puer honnert Kiloparsek gebraucht. Wichteg ass och, datt dat nëmme fir Stäre mat enger Hellegkeet vun iwwer 15 mag funktionéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]