Wilson-Krankheet
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D' Wilson-Krankheet ass eng seelen Ierfkrankheet vum Kofferstoffwiessel vun der Liewer. Se gëtt autosomal rezessiv verierft, a bréngt mat sech, datt aus der Mooss Koffer a verschiddenen Organer wéi am Gehir, an den Nieren, der Liewer, am Muerch an an der Kornea gespäichert gëtt.
Déi klinesch Symptomer vun der Wilson-Krankheet manifestéiere sech eréischt nom Alter vu 5 oder 6 Joer.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Den Numm
Ausser Wilson-Krankheet sinn nach folgend Nimm ze begéinen:
- Hepatolentikulär Degeneratioun
- Morbus Wilson
- Kofferspäicherkrankheet
- Hepatozerebral Degeneratioun
[änneren] D'Ursaachen
D'Ursaach vun der Krankheet ass eng Mutatioun am Gen ATP7B, dem Wilson-Gen, deen um Chromosom 13 ze fannen ass. Bis elo sinn iwwer 250 verschidde Mutatioune vum Wilson-Gen bekannt. Dat erkläert dee méiglechen ënnerschiddleche Verlaf vun der Krankheet.
Duerch déi Mutatioun kënnt et zu engem Feelverhale vum Wilson-Protein ATP7B, deen zoustänneg ass fir d'Evakuatioun vu Koffer aus der Liewer an d'Galeblos. Bei der Wilson-Krankheet gëtt de Koffer net mat der Galeflëssegkeet an esou mam Stullgank ausgescheet, mee am Kierper gespäichert.
[änneren] Diagnos
[änneren] Behandlung
Fir Koffer iwwer d'Nire kënnen auszescheeden gëtt D-Penicillamin gebraucht, deen oral geholl gëtt. Esou kënnen all Dag bis zu 2 mg Koffer etnsurgt ginn. Dofir ass eng lieweslaang Behandlung néideg.
[änneren] Um Spaweck