Windsor Schlass

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola filesystems folder home.png Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Loftbild vum Schlass zu Windsor
De Ronnen Tuerm vum Schlass
D'Windsor Schlass vu vir
Um Wee zum Haaptagank

D'Windsor Schlass (engl. Windsor Castle) ass zesumme mam Buckingham Palace zu London an dem Holyrood Palace zu Edinburgh eng vun den offizielle Residenze vum Britesche Kinnekshaus. D'Schlass läit zu Windsor, am Dall vun der Themse am Weste vu London.

D'Queen Elizabeth II verbréngt vill vun hire Weekenden an dësem Schlass a benotzt et gläichzäiteg fir privat an offiziell Zwecker.
Seng Geschicht geet zréck op de William den Eruewerer (William the Conqueror). Windsor Castle ass dat eelst a gréisst bewunnte Schlass op der Welt.

Déi meescht englesch Kinneken an Kinniginnen hunn zur Konstruktioun an dem Ausbau vum Schlass bäigedroen. Et hat am Laf vu der Zäit all Funkiounen, déi vun enger Garnisoun, enger Festung, enger Wunneng, engem offizielle Palais, an zäitweis och déi vun engem Prisong.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Plang vum Schlass

Am Laf vu senger dausendjäreger Geschicht huet sech am Schlass villes verännert, wéinst de verschiddene Besoinen, Wënsch a finanzielle Mëttelen vun de sukzessive Schlasshären. D'Schlass huet haut z. B. säi Schwéierpunkt op dem opgeworfenen Hiwwel ("A" um Plang), do wou de William den Eruewerer säin éischt Schlass aus Holz gebaut hat.

Plang vum Windsor Schlass . Déi rout Buschtawe vun dësem Plang verweisen op d'Lag vun de verschiddene Gebaideeler.

[änneren] Bedeitung vun den Zeechen am Plang niewendrunn

  • A: De ronnen Tuerm
  • B: Den ieweschte Schlassdeel a Schlasshaff
  • C: D'Staatsappartementer
  • D: D'privat Appartementer
  • E: Südleche Fligel
  • F: Ënneschte Schlassdeel a Schlasshaff
  • G: St. George's Kappell
  • H: Horseshoe Cloister
  • L: The Long Walk
  • K: King Henry VIII Gate (Haaptentrée)
  • M: Norman Gate (Paart)
  • N: North Terrace
  • O: Edward III Tuerm
  • T: Den Zapestreechtuerm

[änneren] Neizäit

Den 20. November 1992 ass am Windsor Schlass e Feier ausgebrach, dat 15 Stonne gedauert, a vill Schued gemaach huet. Fënnef Joer laang ass do geschafft a restauréiert ginn, fir den Haaptschued ze behiewen. An de Joren dono huet d'Kinniginn d'Schlass ëmmer méi fir offiziell a privat Zwecker benotzt.

D'Schlass ass fir Besichtegungen op an zitt als grouss Attractioun Joer fir Joer vill Touristen un.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Windsor Castle – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen