Winesburg, Ohio

Vu Wikipedia
D'éischt Säit vun der éischter Editioun vum Buch (1919)

Winesburg, Ohio, mat vollstännegem Titel Winesburg, Ohio: A Group of Tales of Ohio Small-Town Life, ass eng Kollektioun vu Kuerzgeschichte vum US-amerikanesche Schrëftsteller Sherwood Anderson. Se gouf 1919 verëffentlecht.

D'Wierk dréint sech ëm d'Liewe vum Protagonist George Willard, vu senger Kandheet a senger ëmmer gréisserer Onofhängegkeet bis hin zum endgültege Verloosse vun der Uertschaft Winesburg als jonke Mann. D'Geschichte spillen an der fiktiver Stad Winesburg am Ohio, déi méi oder wéineger um Anderson senge Kandheetserënnerungen un d'Stad Clyde baséiert.

De Sherwood Anderson huet Winesburg, Ohio gréisstendeels tëscht Enn 1915 an Ufank 1916 geschriwwen, woubäi e puer Geschichten eréischt kuerz virun der Verëffentlechung fäerdeg goufen. D'Geschichte goufen als Deeler vun engem Ganzen entwéckelt; si ergänze sech a spillen all an der selwechter Communautéit. D'Buch besteet aus 22 Kuerzgeschichten, mat der éischter Geschicht The Book of the Grotesque als Aféierung. All Geschicht erzielt vun der Vergaangenheet an der Géigewaart vun enger bestëmmter Figur, déi versicht, d'Einsamkeet an d'Isolatioun, déi d'Stad ze duerchdrénge schéngen, z'iwwerwannen.

Stilistesch gëllt Winesburg, Ohio, wéinst dem Schwéierpunkt op de Personnagen hir psychologesch Erkennnisser amplaz op d'Handlung, a wéinst senger direkter an offener Prosa, als eent vun de fréiste Wierker vun der amerikanescher modernistescher Literatur.[1][2][3]

Winesburg, Ohio krut trotz e puer Virbehalter wéinst sengem moralisteschen Toun an der onkonventioneller Erzielweis gutt Kriticken. Obwuel d'Reputatioun vum Wierk an den 1930er Joren nogelooss hat, huet se sech zënterhier nees erholl an et gëllt haut als ee vun den aflossräichste Portraite vum virindustrielle Liewen an der Klengstad an den USA.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Speaking in medias res: Modernism versus Modernity in Sherwood Anderson’s Winesburg, Ohio, Yonca Denizarslanı, "Journal of Awareness", Volume 6, Editioun 2, Joer 2021, Säit 105-115
  2. ‘Some obscure poet of the town’: Winesburg, Ohio and the Small Town as Modernist, Will Carroll, University of Birmingham, modernistreviewcouk.wordpress.com
  3. The Limits and Freedoms of Literary Regionalism: The Cycle of Isolation in Sherwood Anderson’s Modernist Midwest, Evan Nicole Brown, Ploughshares at Emerson College