Winged Skull

Vu Wikipedia
Logo vu Winged Skull

Winged Skull oder Winged Skull Records war e Lëtzebuerger Musekslabel deen am Joer 2000 vum Giordano Bruno[1] a vum Damiano Nigro als Punkkollektiv gegrënnt gouf. Den éischte Concert gouf de 5. Februar 2000 gespillt. Zwee Joer méi spéit ass aus dem Kollektiv e richtege Label ginn, deen d'Zil hat jonk Kënschtler ze produzéieren an ze promouvéieren. Winged Skull huet iwwer 40 Produktiounen aus Lëtzebuerg an Europa verëffentlecht, vun deene bis 2011 iwwer 15.000 physesch Kopien an Dausende vu legalen Downloade verkaaft goufen.[2] En anere Volet vun der Aarbecht vum Label war et, de Gruppen ze hëllefe Concertstouren ze buchen a Promotiounsmaterial auszeschaffen.

Obwuel den Ursprong vu Winged Skull an der Punkzeen läit, hu Gruppen aus ville verschiddene Museksstiler um Label verëffentlecht. Zu de lëtzebuergesche Kënschtler mat Albume bei Winged Skull zielen The Last Millennium Suckers, Kitshickers, Holy National Victims, Broken Stars, Communicaution, Allela Boyz an Cico.[3]

Den europäesche Labelcode vu Winged Skull ass LC 06260.

Den Numm bedeit op Englesch "Doudekapp mat Flilleken". De Labellogo ass en Doudekapp iwwer zwee Bee mat Flilleken op Héicht vun den Hëften, riets donieft steet den Numm vum Label.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Bruno Giordano ass Bassist an de Gruppe Broken Stars a Versus You.
  2. paperbird.lu: Presentatioun vu Winged Skull
  3. Winged Skull op Rate Your Music