Wir sind Helden

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Wir sind Helden
Grënnung 2001
Genre Däitschrock/Pop
Websäit Offiziell Websäit
Bandmemberen
Gesang, Text Judith Holofernes
Gittar Judith Holofernes, Jean-Michel Tourette
Batterie Pola Roy
Bass Mark Tavassol
Keyboard Jean-Michel Tourette
De Mark Tavassol, de Jean-Michel Tourette, de Pola Roy an d'Judith Holofernes

Wir sind Helden ass eng däitsch Pop-Rockband, där hir Texter a Musek eng Aart däitsch Chanson-Well vu jonke Bands hanneru sech gezunn hunn.

Inhaltsverzeechnes

Allgemenges [änneren]

Ouni "Majorlabel" koume se 2002 mam Lidd Guten Tag an déi däitsch Single-Charts. E Joer méi spéit koum d'Verëffentlechung vun Die Reklamation. Dësen Album koum déi éischt Woch direkt op Plaz 6 vun den däitschen Album-Charts an huet souguer Plaz 2 erreecht a gehéiert zu de meeschtverkaaften Albume vun de Joren 2003 an 2004. D'Spëtzepositioun vun den Charts hu se 2005 direkt an der éischter Woch erklomm mat hirem zweeten Album Von hier an blind. Och hiren éischten Album ass no der Verëffentlechung vum zweeten erëm an d'Charts erakomm an huet souguer Plaz 38 erreecht.

D'Helden, wéi se och nach genannt ginn, ginn als Virreider vun enger Bewegung ugesinn, aus där eraus am Joer 2004 weider jonk däitsch Bands wéi Silbermond a Juli entstane sinn.

Si sinn am Kader vum Live 8-Benefizconcert den 2. Juli 2005 zu Berlin opgetrueden.

Discographie [änneren]

Albumen [änneren]

  • 2010 - Bring mich nach Hause
  • 2007 - Soundso mat der éischter Single-Auskopplung "Endlich Grund zur Panik".
  • 2005 - Von hier an blind - mat den Tracks: 1. Wenn es passiert 2. Echolot 3. Von hier an blind 4. Zuhälter 5. Ein Elefant für dich 6. Darf ich das behalten 7. Wütend genug 8. Geht auseinander 9. Zieh dir was an 10. Gekommen um zu bleiben 11. Nur ein Wort 12. Ich werde mein Leben lang üben, dich so zu lieben, wie ich dich lieben will, wenn du gehst 13. Bist du nicht müde
  • 2003 - Die Reklamation - mat den Tracks: 1. Ist das so? 2. Rüssel an Schwanz 3. Guten Tag 4. Denkmal 5. Du erkennst mich nicht wieder 6. Die Zeit heilt alle Wunder 7. Monster 8. Heldenzeit 9. Aurélie 10. Müssen nur wollen 11. Außer Dir 12. Die Nacht
  • 2002 - Guten Tag (5-Track-EP an Eegeregie, Oplo 3000 Stéck)

Singles [änneren]

  • 2006 - Wenn es passiert
  • 2005 - Von hier an blind
  • 2005 - Nur ein Wort
  • 2005 - Gekommen um zu bleiben
  • 2004 - Denkmal
  • 2003 - Aurélie
  • 2003 - Müssen nur Wollen
  • 2003 - Guten Tag

Aner Verëffentlechungen [änneren]

  • Die rote Reklamation (Die Reklamation + Fan-DVD) (2004)
  • Von hier an Blind Limited Edition (Von hier an blind + Bonus-DVD) (2005)
  • Judith Holofernes huet alleng den Album "Kamikazefliege", op deem schonns AURÉLIE an AUSSER DIR enthale war.
  • Um Rio Reiser Familienalbum - Eng Hommage si Wir sind Helden mam Lidd "Halt dich an deiner Liebe fest" vertrueden.

Auszeechnungen a Gielercher [änneren]

  • ECHO 2004 an de Kategorien:
    • Bester nationaler Radio-Nachwuchs
    • Bester Newcomer National
    • Bestes deutsches Newcomer-Video
    • Marketing, fir d'Label EMI
  • Eins Live-Kroun als "Bester Newcomer" 2003 an als "Bester Live-Act" 2004
  • ECHO 2006 an der Kategorie:
    • Bescht national Rock-/Pop-Grupp

Wir sind Helden zu Lëtzebuerg [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Wir sind Helden – Biller, Videoen oder Audiodateien