Wirtschaftsunioun

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Eng Wirtschaftsunioun ass en Zesummenschléissen vun zwee oder méi Länner, déi wéi an enger Zollunioun, keng Taxen op de gemeinsame Grenzen erhiewen, e gemeisamen Zolltarif op de Baussegrenzen a Kraaft setzen, an déi nach méi wäit ginn, wéi bei enger Zollunioun, doduerch, datt si och nach hir Wirtschaftspolitiken harmoniséieren.

D'Schafe vun enger Wirtschaftsunioun geschitt aus der Usiicht eraus, dat haut an eise komplexe Wirtschaftssystemer eng Zollunioun aleng net méi duergeet, fir de fräie Verkéier tëschent den Uniounslänner sécherzestellen.

D'Schafe vun enger Wirtschaftsunioun op europäeschem Niveau ass de Beweis, datt d'Wirtschaftsraim ëmmer méi grouss musse ginn, fir de modernen, wirtschaftspoliteschen Exigenzen ze entspriechen.