Wladimir Wladimirowitsch Wdowitschenkow

Vu Wikipedia
Wladimir Wladimirowitsch Wdowitschenkow
am November 2010
Gebuertsnumm Владимир Владимирович Вдовиченков
Gebuer 13. August 1971
Gussew
Nationalitéit Sowjetunioun, Russland
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller

De Wladimir Wladimirowitsch Wdowitschenkow (Владимир Владимирович Вдовиченков), gebuer den 13. August 1971 zu Gussew a Russland, ass e russesche Schauspiller, bekannt ë. a. fir seng Rollen an de Filmer Bumer (2003), Bumer. Film wtoroi (2006) a Lewiafan (2014).

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Wladimir Wdowitschenkow ass 1971 an der Regioun ëm Kaliningrad gebuer. Seng Elteren hunn an engem Beliichtungstechnikbetrib geschafft, de Papp Wladimir (1943-1993) als Chef mecanicien a seng Mamm Swetlana als Ekonomin an duerno als Ingenieurin. En huet nach eng eeler Schwëster Irina, déi zu Moskau am Restaurantsgeschäft schafft, an e méi jonke Brudder Konstantin, dee sech no Studien op der Kaliningrader technescher Staatsuniversitéit mat Mediewerbung beschäftegt.

De Wdowitschenkow huet zu Gussew gelieft, bis datt en do d'Mëttelschoul ofgeschloss hat. A sengem Jonktem huet e sech mat Boxe beschäftegt an dervu gedreemt dem Jean-Claude Van Damme nozeäiferen. 1988 ass en op déi 42. Marineschoul zu Kronstadt gaangen, wou e seng Ausbildung als Maschinist d'Joer drop erfollegräich fäerdeg hat an am Alter vun 18 Joer sech mat enger Matschülerin bestuet huet.

En huet du säin Déngscht bei der russescher Nord- a bei der Baltescher Flott als Heizer geleescht an ass no dräi Joer op Gussew zeréckgaangen. Mat 20 Joer huet e sech fir d'zweet bestuet, mat der Anna Leonidowna Wdowitschenkowa, déi him 1993 de Bouf Leonid geschenkt huet. De Wdowitschenkow huet sech an där Zäit a ville Beruffer versicht, sou z. B. als Heizer an der Sauna, Autosmecanicien, Garçon oder Kach.

Mat 25 Joer huet en decidéiert, Schauspiller ze ginn, an en ass op Moskau gefuer fir um Gerassimow-Institut fir Cinematographie (ВГИК) ze studéieren. Mat 27 Joer huet e sech eng drëtt Kéier bestuet, mat der Natalja Dawydowa. 2001 war en du mat der Schauspillschoul fäerdeg.

2004 koum e mat der Olga Filippowa Schmoilowa zesummen, an d'Joer drop ass hir Duechter Weronika op d'Welt komm.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Fernseeserien[änneren | Quelltext änneren]

  • 2000: D'Grenz: Romanz an der Taiga (Граница: Таёжный роман)
  • 2002: Brigada (Бригада)
  • 2003: De fënneften Engel (Пятый ангел)
  • 2004: Himmel an Äerd (Небо и земля)
  • 2008: Schwéiere Sand (Тяжёлый песок)
  • 2012: Wäiss Gard (Белая гвардия)
  • 2012: Enges Daags zu Rostow (Однажды в Ростове)
  • 2012: Broch (Излом)
  • 2013: Déi déi mer nostinn (Близкие)
  • 2013: Spiounen (Разведчицы)
  • 2014: Äddi, Jongen (До свидания, мальчики)
  • 2014: Natur déi fortgeet (Уходящая натура)
  • 2015: Heemecht (Родина)
  • 2016: Optimisten (Оптимисты)
  • 2017: Déi déi mer nostinn (Близкие)

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

  • 2000: De President a seng Enkelin (Президент и его внучка)
  • 2001: Romanz an der Taiga (Таёжный роман) - Kino-Versioun vun der Fernseeserie
  • 2002: Abrëll (Апрель)
  • 2002: Opgehëtzte Samschden (Раскалённая суббота)
  • 2003: Bumer (Бумер)
  • 2005: Zäit fir Steng ze sammelen (Время собирать камни)
  • 2006: Bumer 2 (Бумер. Фильм второй)
  • 2006: De siwenten Dag (Седьмой день)
  • 2007: Paragraph 78 - D'Spill vum Doud (Параграф 78)
  • 2009: Taras Bulba (Тарас Бульба)
  • 2009: Verbuede Realitéit (Запрещённая реальность)
  • 2010: Wann ech dech gär hätt (Если бы я тебя любил)
  • 2011: De Mënsch an der Fënster (Человек у окна)
  • 2012: Den aachten August (Август. Восьмого)
  • 2012: Feierdag abegraff (Праздник взаперти)
  • 2012: Kaleidoskop vun der Léift (Калейдоскоп любви)
  • 2015: Lewiafan (Левиафан)
  • 2015: Krätzbock (Подлец)
  • 2017: Saljut-7 (Салют-7)
  • 2017: Schoulmeeschter (Учителя)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]