Wochendeeg

Vu Wikipedia

Déi lëtzebuergesch Nimm vun de Wochendeeg orientéiere sech analog zu de laténgeschen Nimm vu Sol (dies solis), Luna (dies lunae), Mars (dies martis, fr. mardi), Merkur (dies mercurii, fr. mercredi), Jupiter (dies jovis, woubäi Jovis de Genetiv vu Jupiter ass, fr. jeudi), Venus (dies veneris, fr. vendredi) a Saturn un de germaneschen Haaptgëtter déi hinnen entspriechen. Dat sinn: Sonn, Mound, Tyr (och Ziu), Odin (Wotan), Thor (Donar) a Frigg.

Am däitsche Sproochgebrauch ass dem Odin, dem ieweschte Gott vun de Germanen, säin Dag erfollegräich duerch Mëttwoch verdrängt ginn. D'Wuert Samschdeg ass vum Wuert Sabbat aus dem Vulgärgriicheschen ofgeleet (vgl. fr. samedi). Am Norde steet dofir de Lördag (Wäschdag) well sech fir de lat. Saturn (vgl. en. Saturday) keng Entspriechung fonnt huet.