Woomera Prohibited Area

Vu Wikipedia
Warnschëld um Stuart Highway
D'Black Arrow, ausgestallt zu Woomera

D'Woomera Prohibited Area (kuerz WPA, oder och Woomera Spärgebitt) war an de Jore vun 1947 bis 1982 e Spärgebitt am australesche Bundesstaat South Australia mat enger Fläch vun 127.000 km², déi d'Stad Woomera mat ageschloss huet.

Spärgebitt[änneren | Quelltext änneren]

D'Spärgebitt bestoung aus en ettlechen Eenzelariichtunge mat ënnerschiddlechen Aufgaben:

  • Maralinga, fréier, haut komplett zerstéiert brittesch Anlag, déi an den 1950er an 1960er Jore fir Nuklearwaffentester benotzt gouf
  • Woomera Instrumented Range, Testanlag fir Loft- a Raumfaartexperimenter
  • Woomera Airfield, Militärfluchplaz
  • Evetts Field Target Area and the Range E Target Area, Schéissanlag fir inert Gefechtskäpp
  • Parakylia Stand-Off Weapons Target Area, Schéissanlag fir inert Gefechtskäpp
  • Lake Hart Demolition Area, Sprengplaz fir (meeschtens iwwerlagert) Munitioun, nach a Betrib
  • Lake Hart Air Weapons Range, Schéissanlag fir schaarf Loft-Loft a Loft-Buedem-Waffen, geleeëntlech och fir grousskalibreg Artillerie
  • Large Scale Explosives Test Area (LSETA), Sprengplaz fir grouss Sprengkierper, och nach a Betrib
  • DSS 41, éischt Antenn vum Deep Space Network vun der NASA auswäerts vun den USA, hat de Betrib am Februar 1959 opgeholl a war bis 1972 a Betrib

Rakéiteversich an der Woomera Instrumented Range[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 1947 ass an der Géigend vu Woomera eng Rakéitestartplaz. Si hat dem Start vun ettleche Héichtefuerschungsrakéite an och fir den Test vun der Mëttelstreckerakéit Blue Streak gedéngt, wéi och fir déi (feelerhaft) Startversich vun der Europa-Rakéit an den 1960er Joren. Déi eenzeg Satellitten, déi erfollegräich vu Woomera gestart goufen, waren den australesche Wresat (an der Tëschenzäit vergloust) den 29. November 1967 mat enger amerikanescher Redstone an de brittesche Prospero den 28. Oktober 1971 mat der brittescher Drorakéit Black Arrow.

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

1964 gouf virun de Rakéitestarte vun der Blue Streak en Zilgebitt an der Great Sandy Desert vun zwéi Mataarbechter no Mënschen ofgesicht. Dobäi hu se 20 Aborigene-Frae vun de Martu, begéint déi nach ni e Wäissen gesinn haten. Dës Rencontre ass am Joer 2009 am Dokumentarfilm Contact verfilmt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]