World Trade Center

Vu Wikipedia
World Trade Center, NY
De World Trade Center
Map
Basisdaten
Stad: New York
Verwendung: Bürohéichhaus
Bauzäit: 1966 bis 1973
Ouverture: 4. Abrëll 1973
Zerstéierung: 11. September 2001
Architekt: Minoru Yamasaki
Baustil: Modern
Technësch Daten
Héicht: Nordtuerm: 417 m
(mat Antenn 521 m)
Südtuerm: 415 m
Breet: 63,4 m
Déift: 63,4 m
Stäck: 110
Baustoff: Stol, Stolbëtong, Glas,
Bléck no uewen

De World Trade Center [wɝːldˈtɹeɪdˌsɛntɚ] (lëtz.: Welthandelszentrum), ofgekierzt WTC, war en 1973 gebaute Gebaikomplex am Süde vum New Yorker Staddeel Manhattan. Déi markant Zwillingstierm waren zäitweis déi héchst Gebaier vun der Welt.

Si goufen den 11. September 2001 duerch en Terroruschlag zerstéiert. Dobäi sinn ongeféier 2.800 Mënschen ëm d'Liewe komm, déi am WTC waren, an anerer, déi an de béide Fligere souzen, déi d'Attentäter an d'Zwillingstierm gesteiert hunn, an eng ganz Rei Pompjeeën. Alles an allem goufen zirka 3.300 Doudeger gezielt.

Fir d'Uschléi ginn islamistesch Selbstmordattentäter, déi vum Terrornetzwierk Al-Qaida ausgebilt a beoptragt goufen, verantwortlech gemaach. Den Uschlag huet zu weltwäitem Entsetzen an Trauer an zu wäitreechende geopolitesche Konsequenze gefouert, soudatt als Folleg Ugrëffskricher an Afghanistan an am Irak vun den d'USA gefouert goufen.

Iwwersiicht[änneren | Quelltext änneren]

De WTC gouf vum amerikaneschen Architekt Minoru Yamasaki entworf an tëscht 1966 an 1973 gebaut. Den David Rockefeller war Chairman vun der Chase Manhattan Bank an huet d'Finanzéierung vun den Twin Towers ënnerstëtzt. D'Tierm goufen David an Nelson (Rockefeller) genannt. D'Entreprise Karl Koch Erecting Co. huet d'Tierm gebaut, déi bei hirer Fäerdegstellung 1973 déi héchst Gebaier vun der Welt waren, awer schonn am Joer 1974 vum Sears Tower iwwertraff goufen.

De WTC huet eigentlech aus siwe Gebeier bestanen, an et hunn ongeféier 50.000 Mënschen an deene Gebaier geschafft, dobäi koumen nach déi deeglech 80.000 Visiteuren.

Konstruktion[änneren | Quelltext änneren]

D'Konstruktioun vum World Trade Center huet aus Stolstäipen an de Fassaden an am bannenzegen Erschléissungsberäich aus Gitterträger-Plaffonge bestanen. Als Noutausgäng waren onofhängeg Trapenhaiser am bannenzegen Erschléissungsberäich.

De Gebaikomplex huet nieft de béiden Tierm nach aus fënnef anere Gebaier bestanen (WTC1 bis WTC7) souwéi engem ënnerierdesche Shopping-Passage, dee sech aus Geschäfter a Restauranten zesummegesat huet. E puer Metroslinnen an eng Linn vun der PATH op New Jersey waren am Sous-Sol ënnerbruecht.

Den Nordtuerm war 417 Meter héich an hat um Daach eng Antenn vun engem Fernseessender, déi d'Totalhéicht vum Gebai op 521 Meter bruecht huet. De Südtuerm war 415 Meter héich an uewendrop war déi héchst Daachterrass vun der Welt. Béid Haiser hate Grondofmiessunge vun 63,4 × 63,4 Meter (208 × 208 Fouss/Feet). Jiddwer Tuerm stoung op 21 Meter déiwe Fëllementer an hat eng Bürofläch vun iwwer 400.000 m², déi sech op 110 Stäck verdeelt huet.

All Tuerm hat dräi Modulle getrennt vun zwou sougenannte Sky Lobbies am 44. an 78. Stack. Hei huet ee missen déi lokal Lifter huele fir de gewënschte Stack vum Modul z'erreechen. An engem Stéck sinn d'Lifter nëmme vum Rez-de-Chaussée bis an d'Sky Lobbies an op d'Visiteursterrass vum Südtuerm (WTC2) respektiv dem Restaurant am Nordtuerm (WTC1) gefuer. Jiddwer Tuerm hat am Ganzen 104 Lifter.

Op de Stäck 106 an 107 vum Nordtuerm war de Restaurant Windows on the World fir de Public zougängeg, vun deem ee bis op Queens, New Jersey, Brooklyn an den John F. Kennedy-Fluchhafen konnt gesinn, bei kloren Deeg war eng Siicht bis zu 80 km méiglech. Um 108. Stack hat eng Radiosstatioun hire Studio. An de béide leschte Stäck, vun den zwéin Tierm, war de sougenannten "hat truss", eng Stolträgerfachwierkkonstruktioun, fir de Wollekekrazert ze stabiliséieren, déi den 11. September 2001 wesentlech dozou bäigedroen huet, datt den Nordtuerm trotz den zerstéierte Baussestäipen un der Nordfassade nach 102 Minutten no dem Opprall vum Fliger stoe blouf. Zesumme mat der Daachkonstruktioun gouf d'Kraaft déi op d'Nordfassad gewierkt huet, op déi verbliwwe Stäipen ëmgeleet.

Terroruschléi[änneren | Quelltext änneren]

De Gebaikomplex war fir d'éischt Kéier de 26. Februar 1993 Zil vun engem Bommenuschlag vun islamisteschen Terroristen.

Deemools haten d'Terroristen e geléinte Ryder-Van um Niveau B2 vun der Déifgarage vum Nordtuerm am World Trade Center ofgestallt. An dësem waren ongeféier 700 kg vum Sprengstoff TNT, an eng ganz Rei Drockgasbehältere mat Waasserstoff, déi d'Wucht bei der Explosioun nach verstäerkt hunn. D'Explosioun huet en 30 Meter grousst Lach a véier vun de sechs Sous-Sole gerappt.

Siwe Stäck goufe besonnesch schwéier beschiedegt, sechs dovun ënner dem Buedem. Dem Uschlag si sechs Mënschen zum Affer gefall, iwwer dausend goufe blesséiert. Doraus huet ee vun de gréisste Rettungsasätz an der Stad New York resultéiert, woubäi 45% vun de Pompjeeën am Déngscht op d'Plaz geruff goufen. Sechs islamistesch Terroriste goufen 1997 respektiv 1998 fir dëst Attentat schëlleg gesprach an all Kéier zu 240 Joer Prisong verurteelt.

Den zweeten Terroruschlag gouf den 11. September 2001 vun islamisteschen Terroristen arabescher Ofstamung ausgefouert.Deen Dag goufe véier grouss Passagéierfligeren an den USA entfouert, dovun zwéi Boeing 767, déi vun den Entféierer an déi zwéin Tierm vum World Trade Center gesteiert goufen.

Bei den Terroruschléi vum 11. September 2001 gouf d'Konstruktioun nom Uschlag duerch déi enorm Hëtzt (schätzungsweis 1.200 °C), verursaacht duerch de Kerosin vun den ageschloene Fligeren a brennend Konschtstoffer an Ariichtungen, sou staark geschwächt, datt dat ganzt Gebai a sech selwer agestierzt ass. Well an de Stäck déi gebrannt hunn d'Eisekonstruktioune geschmollt sinn, hunn se näischt méi gedroen an déi Stäck driwwer sinn op déi drënner gefall, déi dann och duerch d'Wucht vun dëser enormer Mass net méi duergehal hunn. D'Tierm sinn da quasi riicht a sech zesummegefall an hu bal 2.800 Mënschen ënner sech begruewen. 343 New Yorker Pompjeeën hu bei dësem Asaz hiert Liewe gelooss.

Doriwwer eraus ass och dee selwechten Dag um fënnef Auer mëttes nach d'Gebai WTC 7. dat donieft stoung zesummegefall.

New York Skyline / World Trade Center
New York Skyline an der Dämmerung ëm 1991
30 Deeg weise Scheinwerfer an der Nuecht, wou de WTC stoung

Op der Plaz, wou de WTC stoung, gouf de 4. Juli 2004 de Grondstee fir de Freedom Tower geluecht. E soll fréihstens fir d'Joer 2010 fäerdeg ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: World Trade Center (New York) – Biller, Videoen oder Audiodateien