Woschod (Raumschëff)

Vu Wikipedia
Woschod-1 an -2

Woschod (alternativ Schreifweis Woßchod, "Sonnenopgank") war de Nofollegprojet vun de Wostok-Flich am Kader vun de sowjetesche Raumflich vun de fréiere 1960er Jore. Si gouf vum OKB-1 Koroljow (Experimental-Konstruktiounsbüro-1, haut RKK Energija) entwéckelt.

Zil war et, d'USA am propagandistesche Wettlaf an de Weltraum ze schloen: fir d'éischt si mat engem Woschod-Raumschëff méi wéi ee Pilot an d'Äerdëmlafbunn geflunn. Nach virum éischte Start vum Gemini-Programm hat d'Sowjetuniou dräi Kosmonauten an de Weltraum bruecht. Aus Plazgrënn konnten d'Kosmonaute keng Drockkostümer droen, wat dem Westen eng gewësse Sécherheet vum Raumschëff sollt virgaukelen. Am Kader vum zweete Woschod-Fluch war fir d'éischt e Weltraumausstig (EVA) gelongen. Och do konnten d'Sowjets d'Amerikaner ëm e puer Woche iwwerfligelen.

D'Woschod-Raumschëff war am Wiesentlechen en ëmgebaute Wostok-Raumschëff. Verbesserungen un der R-7-Drorakéit haten et erméiglecht, méi héich Notzlaaschten ze transportéieren. Doduerch konnt d'Rakéit dat däitlech méi schwéiert Woschod-Raumschëff droen. Un der Spëtzt vum Raumschëff war eng zousätzlech Feststoffbremsrakéit. De Schleidersëtz gouf zu Gonschte vu bis zu dräi Couchen ewechgeholl. Dës ware géigeniwwer dem Virgängermodell ëm 90 Grad versat, sou konnt de Raum besser ausgenotzt ginn. D'Instrumenter hunn hir Plaz behalen, sou datt d'Crew dauernd de Kapp op d'Säit hu missen dréien. Bei der manueller Landeprozedur vum Woschod 2-Fluch sollt sech dat ongënsteg auswierken. Wärend d'Versioun „3KV“ fir dräi Kosmonaute virgesi war, hat d'Versioun „3KD“ Plaz fir zwéi Kosmonauten. Déi Versioun hat zousätzlech eng Loftschleis, déi den Ausstig an de Raum erméiglecht huet an nom Asaz ofgesprengt konnt ginn.

Bei de Landeprozedure vun de Wostok-Raumschëffer goufen d'Kosmonauten nom Opmaache vum Haaptschierm a ronn siwe Kilometer Héicht aus der Kapsel katapultéiert a si mat engem Fallschierm gelant. Zwéin, respektiv dräi Katapultsëtzer hu sech natierlech aus Plaz- a Gewiichtsgrënn net an de Woschod-Raumschëffer ënnerbrénge gelooss. Fir eng mëll Landung mat de schwéiere Raumschëffer ze kréien, goufen zousätzlech zum Haaptschierm Feststoffbremsrakéiten agesat.

De Woschod-Programm[änneren | Quelltext änneren]

Woschod-Loftschleis, Drockkostüm

Et goufen zwéi bemannt Flich duerchgefouert, virdrun jee en onbemannte Testfluch mat engem Raumschëff vun der gläicher Konfiguratioun.

Duerchgefouert Flich[änneren | Quelltext änneren]

Ee bemannte Laangzäitfluch mat Woschod 3, fir de Kosmos 110 als Testfluch gouf ni duerchgefouert. Schliisslech gouf sech op den neie Sojusprogramm konzentréiert.

Net duerchgefouert Flich[änneren | Quelltext änneren]

  • Woschod 3: 19-deegeg Missioun fir Studien zu der Auswirkung vu Laangzäitopenthalte an der Schwéierlosegkeet op de mënschlechen Organismus
  • Woschod 4: 20-deegeg Missioun
  • Woschod 5: eng 10-Deeg-Missioun mat weiblecher Crew
  • Woschod 6: Testfluch mat Steiergürtel fir Baussebordasäz
  • Woschod 7: Simulatioun kënschtlecher Gravitatioun duerch Verbanne mat der Drëttstuf vun der Rakéit a Rotatioun vum ganze Komplex

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Woschod-Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien