Wostok (Marskrater)

Vu Wikipedia
Wostok (Marskrater)
Lag vum Wostok-Krater op der Streckekaart.
Eegenschaften
Regioun Meridiani Planum
Breet -1.9
Längt 354.5
Duerchmiesser 20 km
Alter ?
Entdecker Opportunity
Genannt nom Wostok

Wostok ass en Impaktkrater um Planéit Mars. En huet en Duerchmiesser vu ronn 20 Meter a läit um Meridiani Planum bannenzeg vum MC-19 Margaritifer Sinus-Gradfeld an eng zirka 1200 m südlech vum Endeavour-Krater. De Krater schéngt bal ganz mat Fluchsand gefëllt ze sinn. Et sinn och vill Fielsopschlëss op der Uewerfläch ze gesinn. De Mars Rover Opportunity hat de Krater den 8. Mäerz 2005 (sol 339) erreecht. Bei sengen Ënnersich hat Opportunity de Fiels Gagarin deen nom 1. Kosmonaut Juri Gagarin genannt ass ausgefuerscht an hat d'Buedemprouf Laika gemaach. De Rover huet de Wostok a südlecher Richtung verlooss an huet sech dunn op de Wee bei den Erebus gemaach. De Mini-TES vum Rover war an der Géigend vum Wostok-Krater kuerz ausgefall, awer spéider war d'Feelfunktioun verschwonnen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]