Wostok (Rakéit)

Vu Wikipedia
Modell vun enger Wostok-K-Rakéit
R-7 zu Moskau

D'Wostok [vɔsˈtɔk] fir Osten, englesch Vostok) ass den Numm vun enger sowjetescher Rakéit, déi aus der R-7 entwéckelt gouf. D'Wostok ass entstanen, wéi op Basis vun der R-7 eng Rakéit mat méi héijer Notzlaaschtkapazitéit sollt gebaut ginn. Dofir krut déi zweestufeg R-7 eng drëtt Stuf, déi d'Starte vu schwéiere Moundsonden a spéider och vu bemannte Wostok-Raumschëffer méiglech gemaach hunn. Déi fréier Versioun vun der Wostok mat dem GRAU-Index 8K72, déi déi éischt sowjetesch Moundsonde gestart huet, ass och ënner dem Numm Luna bekannt. Den éischte Start vun enger Luna-Drorakéit war den 23. September 1958, an den 2. Januar 1959 huet si erfollegräich d'Luna 1-Moundsond op d'Rees geschéckt. D'Rakéit huet eng 9.100 kg schwéier drëtt Stuf (Block E) gebraucht, déi vun engem RD-105-Rakéitendreifwierk ugedriwwe gouf. D'Dreifwierk huet Kerosin a flëssege Sauerstoff (LOX) verbrannt. Déi éischt zwou Stufe waren identesch mat deene vun der R-7.

Den 12. Abrëll 1961 war eng liicht verbessert Versioun Wostok-K (GRAU-Index 8К72К) gestart déi mat der Missioun Wostok 1 den éischte Mënsch, de Juri Gagarin, an de Weltraum bruecht huet. D'Wostok-K krut eng e bësse méi grouss a modifizéiert drëtt Stuf mat engem RD-109-Dreifwierk, ausserdeem goufen an de Grondstufe kleng Modifikatioune gemaach. Duerch déi Ännerunge konnt d'Notzlaascht vun der Rakéit op 4.730 kg am äerdnoen Orbit gehuewe ginn.

Eng liicht modifizéiert Wostok-2 (GRAU-Index 8A92) gouf, vun 1962 un, fir d'Starte vu militäreschen Opklärungssatellite vum Typ Zenit gebraucht, déi engem bemannte Wostok-Raumschëff geglach hunn, mä e Kamerasystem amplaz vun de Kosmonaute matgefouert hunn. Eng weider modifizéiert Versioun, Wostok-2M (GRAU-Index 8A92M) gouf vun 1967 benotzt fir Meteor-Wiedersatellitten a militäresch Fréiwarnsatellitten Tselina-D an den All ze schéissen. Den 18. Mäerz 1980 ass eng Wostok-2M zu Plessezk beim Betanken direkt op der Startramp explodéiert. Bei der Explosioun waren 48 Mënsche gestuerwen. De Feeler gouf fonnt an d'Rakéit gouf entspriechend modifizéiert. Hire leschten Asaz hat d'Wostok den 29. August 1991, bei deem si den indeschen Äerderfuerschungssatellit IRS-1B an de Weltraum bruecht hat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie