Wunnengslosegkeet

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Mat Wunnengslosegkeet (nom däitschen Obdachlosigkeit) gëtt den Zoustand vu Mënsche beschriwwen, déi kee (fest) Doheem hunn, déi keen Daach iwwer ëm Kapp hunn, déi op der Strooss liewe mussen, well se net wëssen, wou owes iwwernuechten. Wunnengsloser (Obdaachloser) schlofen dacks am Fräien, op ëffentleche Plazen, an Noutquartéier oder an Haiser vun Hëllefsorganisatiounen.

De Begrëff "Wunnengslosen" ass zimlech wäertneutral an dréckt de Fakt aus, datt et sech ëm eng Persoun handelt, déi keen Ënnerdach huet.

D'Wunnengslosegkeet bréngt dacks villfälteg Problemer mat sech, wéi zum Beispill physesch, psychologesch an virum allem familiär Problemer. Och wann ee Wunnengslosen net onbedéngt vu legalen Drogen, wéi Alkohol, oder och vun illegalen Drogen ofhängeg ass, ass hien dacks net wäit vun dësem Milieu ewech, an et besteet d'Versuchung dës Mëttelen aus Verzweiwelung ze huelen. Sou erreecht ee meeschtens nach méi eng schrecklech Lag an déi ee rutscht, wéi et ëmmerhi scho virdru war.

Wunnengslosegkeet zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg liewen no Schätzunge vun der Caritas Lëtzebuerg 250 bis 300 Leit op der Strooss an dat aus ënnerschiddleche Grënn. 80 bis 85% vun dëse Leit si Männer. Hëllef an Ënnerstëtzung fannen dës Mënschen bei de Streetworker, am Foyer Ulysse, wou se iwwernuechte kënnen, den Dag iwwer an der Téistuff oder bei der "Stëmm vun der Strooss".

Am Wanter 2006/07 hunn 189 Männer an 48 Fraen vun der "Wanteraktioun" profitéiert, dovu waren 79 Lëtzebuerger, 27 Portugisen, 25 Fransousen a 49 Mënschen mat afrikanescher oder osteuropäescher Nationalitéit.[1] D'Wanteraktioun ass zanter dem Wanter 2001/2002 eng Initiative vum Familljeministère an Zesummenaarbecht mat Caritas Acceuil et Solidarité mam Zil den Wunnengslosen (aus der Stad Lëtzebuerg) onbürokratesch an de kale Wanterméint eng waarm Schlofplaz unzebidden.

Aner Ausdréck fir Wunnengsloser[änneren | Quelltext änneren]

  • Strummert: Strummert ass éischter eng negativ Bezeechnung fir e Wunnengslosen. Leit déi dësen Ausdrock benotze weisen éischter Ofneigung géintiwwer deene Leit ouni Daach iwwer dem Kapp. Strummert kënnt vum Ausdrock "op der Strumm sinn", dat sou vill heescht wéi duerch d'Stroossen zéien an heesche goen.
  • Clochard: Clochard ass eng franséisch, méi familiär Bezeechnung fir Obdaachloser an ass och éischter ofneigend gemengt. An dësem Ausdrock kléngt mat un, datt dës Leit "fräiwëlleg" sou liewen a léiwer de ganzen Dag nëmme liddereg op der Strooss leien an näischt ënnerhuele fir erëm aus dëser Situatioun erauszekommen.
  • Penner: Dat Wuert Penner ass och en ofschätzegt a respektlost Wuert fir e Wunnengslosen. Penner kënnt vum Verb pennen, also schlofen. Dëst géif da bedeiten, datt déi Leit näischt maachen an de ganzen Dag liddereg op der Strooss leien. Wann ee Penner seet, denkt ee gären un een, deen Alkohol gedronk huet, an der Strooss heescht a selwer Schold u senger Situatioun ass.
  • SDF (Sans Domicile Fixe) ass déi franséisch Bezeechnung fir "Leit ouni feste Wunnsëtz" an also en neutralen Ausdrock.
  • Sans Abri ass en neutralen Ausdrock an déi franséisch Iwwersetzung vu "Wunnengsloser".

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wunnengslosegkeet – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]