Wunnhaus op der Kudrinskaja-Plaz

Vu Wikipedia
Vue vum Zoo aus

D'Wunnhaus op der Kudrinskaja-Plaz (rus. Жилой дом на Кудринской площади) ass en Héichhaus op der Kudrinskaja-Plaz (1925-1992 Plaz vum Opstand) zu Moskau. Et ass eng vun de sougenannte Siwe Schwësteren.

Et ass e rengt Wunngebai, läit op der Westsäit vum Gaarderank an huet zu senger Zäit als ganz distinguéiert Adress gegollt. Ënner de Leit déi do gewunnt hu ware virun allem Salariéen aus der Aviatiounsindustrie (ë. a. de prominenten Testpilot Michail Gromow) an d'Nomenklatura aus dem Zentralkommittee vun der KPdSU a vum Ministerrot vun der Sowjetunioun.

D'Héichhaus gouf tëscht 1948 an 1954 nom Projet vun den Architekten M.W.Posochin, A.A.Mndojanz an dem Designer M.N.Wochomski gebaut. Den zentralen Deel ass 160 m héich a besteet aus 22 Stäck (dovu 17 fir Wunnzwecker), plus engem Tuerm mat Raim déi hautdesdaags fir de Gebaiservice sinn oder kommerziell verlount goufe fir verschidden Apparaturen ënnerzebréngen. Déi zwéi Säiteflilleken hunn allkéiers 16 Stäck an e klengen Opbau. Am Ganzen huet de Bau iwwer 450 Wunnengen opweises.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wunnhaus op der Kudrinskaja-Plaz – Biller, Videoen oder Audiodateien