Xavier Beauvois
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Xavier Beauvois, gebuer den 20. Mäerz 1967 zu Auchel (Pas-de-Calais), ass e franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
Seng bekanntst Filmer als Regisseur bis ewell sinn N'oublie pas que tu vas mourir (1995), Juris-Präis um Filmfestival vu Cannes, an Des hommes et des dieux (2010), Grand prix du jury zu Cannes 2010 an César fir de beschte Film 2011.