Xavier Bettel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Xavier Bettel, gebuer den 3. Mäerz 1973 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Affekot an DP-Politiker . Hien ass zënter 1999 Deputéierten an der Chamber, zënter dem 24. November 2011 Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg an zënter dem 29. Januar 2013 President vun der DP.

Säi Liewen[änneren]

Nom Ofschloss vum Secondaire classique huet hien eng Maîtrise am Droit public an am Droit européen, an och en Diplom am Droit maritime an am Droit ecclésiastique op der Universitéit Aristoteles zu Thessaloniki a Griicheland gemaach. Hien ass Affekot.

1988 gouf hie Member an der Demokratescher Partei an 1989 Komiteesmember a Member vum Nationale Büro vun der JDL (Jeunesse démocrate et libérale) am Bezierk Zentrum.

1991 ass hien op de Poste vum President am Bezierk Zentrum a Vizepresident op nationalem Niveau vun der JDL gewielt ginn. President vun der JDL war hie vun 1994 bis 2002.

Fir d'éischt an d'Chamber ass hien den 13. Juni 1999 gewielt ginn. Datselwecht Joer, den 10. Oktober, ass hien och an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt ginn.

Bei de Chamberwale vum 13. Juni 2004 an deene vum 7. Juni 2009 ass hien als Deputéierten erëmgewielt ginn.

Bei de Gemengewale vun 2005 gouf hie Schäffen am Stater Gemengerot. Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 gouf hien Éischtgewielten, virum amtéierende Buergermeeschter Paul Helminger. De 24. November 2011 gouf hien zum neie Buergermeeschter vun der Stad vereedegt.

Den 28. Juni 2008 huet de Xavier Bettel an der RTL-Emmissioun "Background" offen zu senger Homosexualitéit Stellung geholl a betount wéi schwéier et och haut nach ass mat deem intime Sujet un d'Ëffentlechkeet ze goen. An deem Kontext huet hien op eng Titulation vun der Staatssekretärin Octavie Modert higewisen, déi hien an der Chamber als "Joffer" bezeechent huet.

Den 19. Mäerz 2010 huet hie sech mat sengem Liewenspartner gepacst.

Kuckt och[änneren]