Xavier Brasseur

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Xavier Brasseur, gebuer den 19. Oktober 1865 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen de 4. Juli 1912, war e Lëtzebuergeschen Affekot, vun 1902 bis 1912 sozialisteschen Deputéierten an der Chamber a vun 1904 bis 1912 Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.

De Xavier Brasseur war de Jong vum Pierre Brasseur an der Hélène Wurth, der Duechter vum François-Xavier Wurth-Paquet. Hie war mat der Jeanne de Saint-Hubert bestuet, där hir Sëschter Aline d'Fra vum Émile Mayrisch war.


Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]