Xian

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
ČLR-pahýl.png Dëse Geographiesartikel iwwer China ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Xian
Wappen fehlt.jpg

Xian in China.png

Land Flag of the People's Republic of China.svg Volleksrepublik China
Status: Bezierkfräi Stad
Provënz: Shaanxi
Koordinaten: 34°45' N; 109°49' O
Fläch: 9.983 km²
Awunner: 7.016.000 (2005)
Héicht: 412 m i. NN

Xian (chin. 西安 = Westleche Fridden), och Si'an, Hsi-An oder Xi'an (fréier: Sianfu), ass d'Haaptstad vun der chinesescher Provënz Shaanxi. Xian huet nach eng bal ganz erhale Stadmauer a war an der Zäit Ausgangspunkt vun der Seidestrooss. Vill Touristen kommen haut op Xian. Net nëmme well et eng schéi Stad mat enger bekannter Pagod ass, mä och well ee vu Xian aus déi berühmt Ausgruewungen, bekannt als Terrakotta-Arméi, ka besiche goen.

Inhaltsverzeechnes

Geographie[änneren]

Lag vun der Stad Xian

Xian bedeckt eng Fläch vun 9.983 km² und huet ongeféier 7,16 Mio. Awunner (2003), dovun 3.959.273 (1. Jan. 2005) an der Bannestad.

Xian erstreckt sech vun 33°39' bis 34°45' Nord a vun 107°40' bis 109°49' Ost. Et läit 412 m iwwer dem Mieresspigel.

Geschicht[änneren]

Stadmauer vu Xian mam Trommeltuerm

Kuckeswäertes[änneren]

Terracotta Zaldot
  • D'Stadmauer vu Xian, déi gutt erhalen ass an déi zur Zäit vun der Ming Dynasty fir d'Verdeedegung gebaut gouf. Vun de schéine Bauwierker op der Mauer, ass de Klacken- an den Trommeltuerm, wou getrommelt gouf ier d'Paarten owes zougemaacht goufen, z'ernimmen.
  • Déi grouss an déi kleng méi wéi 1000 Joer al Wëll-Gäns-Pagoden vu Xian.
  • De Moslemquartier an déi grouss Moschee vu Xian
  • De Mausoleum vum Qin Shi Huang a seng Terracotta-Arméi. Dës Plazen a besonnesch d'Ausgruewungen, ongeféier 40 km ëstlech vun der Stad, kann e besichen.
  • De Banpo en neolithescht Duerf bei der Stad.

Literatur[änneren]

Kuckt och[änneren]

Um Spaweck[änneren]

Commons: Xian – Biller, Videoen oder Audiodateien