Xipamid

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Xipamid

Xipamid ass en Diuretikum (eng harndreiwend Substanz) aus der Grupp vun de Sulfonamiden.

Xipamid gëtt an der Medezin agesat fir den Traitement vun Ödemer (Schwellung vu Gewiewer duerch Usammlung vu Waasser) a Blutthéichdrock.

Xipamid huet eng Rëtsch vun onerwënschten Niewewierkungen, sou z. B. eng Hypokaliämie (Manktem u Kalium am Blutt), déi zu Onwuelsënn, Muskelschwäch, Muskelkrämp an Anomalie vum Elektrokardiogramm féiere kann. Eng Hypokaliämie trëtt bei méi wéi 1/10 vun de behandelte Patienten op.

Am Héichleeschtungssport gëtt de Xipamid onerlaabterweis benotzt fir d'Presenz vun Dopingsubstanzen ze maskéieren.

De 17. Juli 2012 huet RadioShack-Nissan-Trek de Fränk Schleck aus dem Tour de France geholl, nodeem a senger A-Prouf Spuere vu Xipamid nogewise goufen[1]. Och d'B-Prouf war positiv[2].

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort vum 18. Juli 2012, S. 1 a S. 31-32.
  2. Luxemburger Wort vum 21. Juli 2012, S. 43.