YellowCAB

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem YellowCAB vum Automobilsclub. Fir aner Entreprisë mat deem Numm, kuckt wgl. Yellow Cab.
YellowCAB (Opel Ampera) um Knuedler, 2012

YellowCAB war en Taxiservice zu Lëtzebuerg dee vum Automobile Club Luxembourg (ACL) tëscht dem 16. Juli 2012 an Enn Juli 2014 organiséiert gouf. Eng Ronn 17.000 Fouerte goufe mat deem System gemaach.[1],[2]

D'YellowCAB Taxie ware giel-schwarz lackéiert, dohier den Numm. Si goufe vu privaten Taxientreprisen an onofhängegen Taxifuerer gestallt, déi eng Charta vum ACL ënnerschriwwen haten, bei där d'Qualitéits- a Sécherheetskrittären, an och de Präis pro Taxifahrt festgeluecht waren.[3],[4]

De Service, deen ausschliisslech vun de Membere vum ACL benotzt konnt ginn, huet ausschliisslech um Territoire vu Lëtzebuerger Land funktionéiert.

D'Tariffer goufen ufanks mat 25,- pro ugefaange Stonn ofgerechent, soudatt de YellowCAB je no Parcours méi bëlleg wéi seng Konkurrente war.

Am Dezember 2013 gouf deen Tarif geännert, a vun do u goufen 2,20€ pro Kilometer a Rechnung gestallt. No den Aussoe vum ACL wier de YellowCAB domat awer nach ëmmer ronn 1,-€ ënner dem Präis vun deenen aneren, wat awer nëmmen deelweis, a besonnesch bei engem Aller-simple, stëmmt, well d'Konkurrenz um Aller-retour (Tarif 1) eng Remise vu 50% gëtt.[5] De YellowCAB freet zwar keng Prise en charge, kann awer nëmme vu Membere vum ACL benotzt ginn déi ee Joresbäitrag vun op d'mannst 49,50 € bezuelt hunn.[6]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Webtaxi, en Taxiservice an der Stad Lëtzebuerg

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. "YellowCab: Den Automobilclub hält mam Taxi-Service op." rtl.lu, 01.08.2014, 14:28:58.
  2. (ks), 2014. Die YellowCabs fahren nicht mehr. ACL stellte sein Taxi-Angebot Ende vergangener Woche ein. Luxemburger Wort vum 4. August 2014, S. 10.
  3. Auszug aus der Charta
  4. Schmitz, A.-A., 2012. ACL bietet ab nächster Woche seinen Mitgliedern einen Taxi-Dienst an. YellowCabs starten am 16. Juli. Luxemburger Wort vum 14. Juli 2012, S. 19.
  5. Tariffer vun der Colux Archivéiert op 2012-02-02. Gekuckt de(n) 2013-12-20.
  6. ACL ändert Tarifstruktur des YellowCabs wort.lu 19. Dezember 2013