Yeovil Town FC

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Soccer stub.svg Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wope vu Yeovil Town FC

Yeovil Town FC (Spëtznumm The Glovers) ass en englesche Foussballveräin zu Yeovil am Somerset. Déi 1. Härenequipe spillt an der Saison 2008/09 an der Football League One, der drëtthéchster Spillklass am englesche Liga System. De Veräi spillt seng Heemspiller am Huish Park Stadion.

De Veräin gouf 1895 gegrënnt. Si hunn ëmmer an den ënneschten Divisioune vum englesche Foussball gespillt, bis se 2003 endlech an déi deemoleg Division Three, dee Moment déi véierhéchst Spillklass am englesche Liga System opgestige sinn, an 2 Joer duerno nach en Niveau geklomme sinn. Um Enn vun der Saison 2006/07 waren se hei op der 5. Plaz, wat och bis ewell hir héchste Positioun am englesche Foussball war. 1949 ware si am 5. Tour vum FA Cup, bis ewell hir bescht Leeschtung an där Kompetitioun.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

(en) Offiziell Websäit vu Yeovil Town FC