Yingluck Shinawatra

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Yingluck Shinawatra

D'Yingluck Shinawatra (Thai: ยิ่งลักษณ์ ชินวัตร); gebuer den 21. Juni 1967, ass eng thailännesch Managerin a Politikerin. Si ass déi jéngst Sëschter vum fréieren thailännesche Premierminister Thaksin Shinawatra, deen am Exil lieft.

D'Oppositionspartei Pheu-Thai, déi hirem Brudder nosteet, huet si den 1. Mee 2011 als Spëtzekandidatin bei de Parlamentswalen opgesat. Hir Partei huet bei de Wale vum 3. Juni d'absolut Majoritéit erreecht,[1] sou datt si den 8. August, réckwierkend op de 5. August 2011 vum Kinnek zur Premièreministesch ernannt gouf.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]