Yolanda vu Veianen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Yolanda vu veianen.jpg

Vun der Yolanda vu Veianen ass historesch net all ze vill bekannt: Si gëtt gebuer am Joer 1231 als eng vun deenen zwou Duechtere vum Grof Heinrech I. vu Veianen a senger Fra, der Gräfin Margarethe de Courtenay. No ville Streidere mat hiren Elteren kritt d'Yolanda d'Erlaabnes, an d'Klouschter ze goen, an 1248 gëtt si an d'Dominkanerinneklouschter Mariendall am Äischdall bei Miersch opgeholl.

1258 gëtt si zur Priorin gewielt a bréngt vun do un d'Klouschter zur Bléi: si erweidert d'Gebaier, léisst eng Bibliothéik ariichten a sammelt Reliquie vu groussem Wäert. Si stierft de 17. Dezember 1283 a gëtt an der Klouschterkierch vum Mariendall begruewen. Wéi 1783 Märjendaller Klouschter opgeléist gëtt, an d' Gebailechkeete verfalen, kënnt d'Hirschuel vun der Yolanda 1882 an de Besëtz vum Auguste Neyen. E Joer méi spéit ass si am Besëtz vun der Virginie Letellier, gebueren Neyen, a Fra vum Auguste Letellier, ee vun de Bauhäre vun der Aler Bréck, a spéider bei d'Franziskanerinnen an d'Stad. Am Februar 1932 ass si erëm am Märjendall wou déi Wäiss Pateren sech 1890 niddergelooss haten. Wéi déi 1974 d'Klouschter verloosse gëtt d'Reliquie op Veiane bruecht. Do läit d'Hirschuel an der Trinitarierkierch zu Veianen , de Rescht vun hire Reliquien ass verschollen. Zu Lëtzebuerg gëtt d'Yolanda als Séileg veréiert.

Vita Venerabilis Yolandae[änneren | Quelltext änneren]

Den Dominikanerpater Hermann vu Veldenz erzielt ufanks vum 14. Joerhonnert am Codex Mariendalensis der Yolanda hiert Liewen. Wahrscheinlech huet hien d'Yolanda nach perséinlech kannt, an huet hir Geschicht (literaresch verschéinert) als "Vita Venerabilis Yolandae" opgeschriwwen.

A sengem Epos schreift de Brudder Hermann, datt d'Yolanda sech schonn als Kand vun néng Joer fir e Liewe mat Gott entscheet a vun do un alles probéiert, fir dat z'erreechen. Et geet hir nämlech net duer, fir zu Veianen op der Buerg hellegméisseg ze liewen, si wëllt de radikale Wee goen an an e Klouschter antrieden.

Der Yolanda hir Elteren, d'Grofe vu Veianen, hu mat hirer Duechter allerdéngs eng aner wëlles: si soll, wéi et sech fir e Meedche vun hirem Stand gehéiert, mat engem Adelege bestuet ginn, duerch deen d'Muecht vun der Veiner Dynastie verstäerkt soll ginn. Den Auserwielten heescht Walram vu Monschau.

D'Yolanda wiert sech energesch géint dëse Plang. Si wëllt onbedéngt an d'Klouschter Mariendall antrieden, dat ufanks des Joerhonnerts vu Stroossbuerger Dominikanerinnen am Äischdall, ënner der Aansebuerg, gegrënnt gouf. Et war virun allem der Yolanda hir Mamm, d'Margarethe de Courteny, d'Duechter vum Keeser vu Konstantinopel, déi net bereet war, hir Duechter a sou en aarmt Klouschter goen ze loossen, well den Uerde vum Hl. Dominikus war en Heeschuerden. Si setzt elo alles dorun, fir d'Yolanda vun deem Wonsch ofzebréngen. Si versicht et am Gudden, si schléit d'Meedchen a späert et am Tuerm an. Um Heemwee vun engem Besuch bei der Gräfin Ermesinde zu Lëtzebuerg mécht d'Margarethe mat der Yolanda en Ëmwee iwwer de Mariendall fir hir d'Aarmut vum Klouschter ze weisen.

D'Yolanda profitéiert vun der Geleeënheet, entwutscht hirer Mamm a verstoppt sech am Klouschter. D'Margarethe kritt hir Duechter nëmme mat Gewalt nees do eraus. Zu Veiane ginn d'Streidereie weider, Mamm an Duechter gi souguer handgräiflech. Mä zu gudder Lescht kann d'Yolanda sech duerchsetzen. Dem Hermann vu Veldenz säin Epos hält domat op, datt der Yolanda hir Elteren hir d'Erlaabnis gi fir an de Mariendall an d'Klouschter ze goen.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Guy Berg an Gerald Newton (Erausg.): Alexander Wiltheim. "Vitae Venerabilis Yolandae", 2007, Institut Grand-Ducal, 839 Säiten. Mat Umierkungen, Bibliographie, e puer Faksimile-Säite vum Original, en Index mat laténgeschen Urtschaftsnimm mat Iwwersetzung. D'Editioun bréngt den Text am Original, op Däitsch "originalgetreu" iwwersat vum Guy Berg an eng englesch Iwwersetzung, "closely translated" vum Gerald Newton.
  • Nic Weber:Yolande in Marienthal In: Historische Miniaturen. Hrsg: J.P. Erpelding, Luxembourg, 1963, S.. 89-96.
  • Gerald Newton & Franz Lösel: "Yolanda von Vianden" Moselfränkischer Text aus dem späten 13. Jahrhundert mit Übertragung. Hrsg. Institut Grand-Ducal Section de Linguistique, d'Ethnologie et d'Onomastique, Luxembourg 1999
  • Waltraud Riehm: Yolanda. Historischer Roman, 15 Illustratioune vum Norman Hothum, éditions saint-paul, Lëtzebuerg, 2007

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]