Yolande Kieffer

Vu Wikipedia
Yolande Kieffer
Gebuer 27. August 1939
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist

D'Yolande Kieffer, gebuer de 27. August 1939 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Journalistin.

Si huet zanter 1962 fir d'Agence France Presse geschafft a war Mataarbechterin vun enger sëllegen Zeitungen an Televisiounssender.

Si huet tëscht 1980 an 1982 an der US-amerikanescher Ambassade zu Lëtzebuerg an de Relations Publiques geschafft a war tëscht 1988 an 1999 Chefredaktesch vun der Revue.