YouTube

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Dat offiziellt YouTube-Logo

YouTube ass en Internet-Videoportal, dat de 15. Februar 2005 vun den dräi fréiere PayPal-Mataarbechter Chad Hurley, Steve Chen an Jawed Karim gegrënnt gouf. D'Benotzer kënne gratis Video-Clipe kucken an eroplueden.

Et sinn dës kleng selwergedréite Filmer, mä awer och Musekclipen a kleng Filmausschnëtter.

De 17. Mee 2010 huet YouTube vu méi wéi zwou Milliarden Opriff pro Tag geschwat.[1] Dat wieren an den USA e Maartundeel vun engen 73 Prozent bei de Videoportalen (Stand Mäerz 2008). No Berechnunge vun der US-Entreprise Ellacoya Networks[2] ass YouTube verantwortlech fir 10 Prozent vum gesamten Internet-Dateverkéier a fir 20 Prozent vum HTTP-Transfert.[3]

Den 9. Oktober 2006 gouf YouTube vu Google fir ëmgerechent 1,31 Milliarden Euro (an Aktien) kaaft. De Betrib mat 67 Mataarbechter – dorënner d'Grënner Chad Hurley a Steve Chen – soll d'Geschäfter ugangs nach onofhängeg weiderféieren. De Sëtz ass zu San Bruno, Kalifornien.

Verglach vun der Standardqualitéit mat HQ an HD, a Player- an Originalgréisst

D'Videoe gi bei der Konvertéirung an d'Flash-Video-Format (320×240 Pixel) bzw. d'H.264-Format (352×244 Pixel) eriwwergeholl. D'Skaléirung eliminéiert eventuell Qualitéitsverloschter, déi duerch eng verloschträich Formatkonvertéirung entstoe kënnen.

Dacks gouf déi schlecht Qualitéit vun de Filmer kritiséiert. Mëttlerweil ass et awer och bei verschiddene Videoe méiglech, fir op eng méi héich Audio- a Bildqualitéit (HQ) ëmzeschalten. Ausgewielt Videoe ginn och nach am HD-Format (720p oder 1080p) ugebueden, dëst zanter Dezember 2008 respektiv November 2009.

D'Clipen däerfen eng Gréisst vun 2 GB an eng Längt vun zéng Minutten an ningafoffzeg Sekonnen net depasséieren.[4][5] Mat engem Director-Kont war et méiglech, méi laang Videoen ze publizéieren, mä dës Regelung gouf mëttlerweil nees opgehuewen. Nëmmen nach Al-Director-Konten a Premium-Partner kënne méi laang Videoen eroplueden.

Op Englesch bezeechent ee mat "Tube" (eigentlech: Rouer) e Fernseh, ofgeleet vun den traditionell dra gebrauchte "cathode ray tubes". Den Numm "YouTube" als Ganzt léisst sech op Lëtzebuergesch mat "Du sendst" erëmginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: YouTube – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]