Ypsilon

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De griichesche Buschtaf „Ypsilon“

Den Ypsilon (griichescht Neutrum; Majuskel Υ, Minuskel υ) ass den 20. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet nom milesesche Prinzip e numeresche Wäert vu 400. Am 1. Joerhonnert v. Chr. gouf de Buschtaf och als 25. Buschtaf an d’laténgescht Alphabet iwwerholl.

Am griichesche gëtt de Buschtafe wéi en „I“ ausgeschwat.

[änneren] Urspronk

Den Ypsilon ass den éischte Buschtaf, deen d’Griichen bei hirt Alphabet bäigesat haten. Si haten dofir eng Variant vum phenizeschen Waw geholl, nodeems déi aner Variant schonns fir d’Digamma gebraucht gouf. Am Fréigriichesche war de Lautwäert vum Ypsilon de Vokal [u].

[änneren] Gebrauch vum Ypsilon

De groussen Ypsilon bezeechent an der Physik den Υ-Meson. Als Symbol gëtt heibäi ëmmer en Υ mat „Widderharen“ \,\Upsilon gebraucht, dat sech vum latäinesche Buschtaf Y ënnerscheed.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Ypsilon – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen