Yves Robert

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Yves Robert war e franséische Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent a Filmregisseur. Hien ass den 19. Juni 1920 zu Saumur (Maine-et-Loire) gebuer an den 10. Mee 2002 zu Paräis gestuerwen.

Den Yves Robert huet seng Carrière beim Film als Schauspiller am Joer 1948 mam Film Les Dieux du dimanche ugefaangen. Am Film Les hommes ne pensent qu'à ça aus dem Joer 1954 huet hie fir d'éischt Regie gefouert.

Säin éischte grousse Succès als Regisseur hat hie mat dem Film La guerre des boutons, duerno huet hie nach esou bekannt lëschteg Filmer ewéi Le Grand Blond avec une chaussure noire, Un éléphant ça trompe énormémenta Nous irons tous au paradis gedréint

Hie war mat der franséischer Schauspillerin a Filmproduzentin Danièle Delorme bestuet. Mat hir zesummen hat hien d'Filmproduktiounsfirma "La Guéville" gegrënnt.

Filmer als Regisseur[änneren]

Filmer als Produzent (Auswiel)[änneren]

Filmer als Schauspiller (Auswiel)[änneren]

Gielercher[änneren]