Yvon Briant

Vu Wikipedia
Yvon Briant
Gebuer 5. Mee 1954
Lesneven
Gestuerwen 13. August 1992
Calenzana
Doudesursaach Fligeraccident
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Prytanée national militaire
Aktivitéit Politiker, Geschäftspersoun
Partei Rassemblement pour la République
Erënnerungsplack un den Yvon Briant um Col de Marsolino

Den Yvon Briant gebuer de 5. Mee 1954 zu Lesneven am Finistère, a gestuerwen den 13. August 1992 bei engem Fligeraccident um Col de Marsolino bei Calvi an der Haute-Corse war e franséischen Entrerprenner a Politiker.

Nodeem de Briant seng Schoul am Prytanée national militaire zu La Flèche gemaach hat, huet hie sech bei der franséischer Arméi engagéiert. Fir d'éischt war hien am 1. Parasregiment zu Pau, an duerno op der Kampfschwëmmerbase zu Aspretto.

1978 huet hien d'Arméi verlooss a sech als Entreprenner selbstänneg gemaach, fir d'éischt mat enger Entreprise zu Dunkerque déi Aarbechten op U-Booter gemaach huet, duerchno mat enger Sécherheetsfirma am Val d'Oise.

Am Val d'Oise huet hie sech dem Jacques Chirac sengem Rassemblement pour la République ugeschloss. 1979 gouf hie Member am Club de l'Horloge a gouf Direkter vum Contrepoint, enger Revue déi de Club opkaaft huet. Uganks 83 huet den Yvon Briant den RPR verlooss, an ass bei den CNIP gaangen, bei deem e Secrétaire géneral adjoint gouf.

Bei de Legislativwalen 1986 gouf hien op der Lëscht vum FN-CNIP als Deputéierte gewielt. Am Juli 1986 gouf hie vum FN ausgeschloss. Am Januar 1987 gouf e mat der Ënnerstëtzung vum Philippe Malaud Generalsekretär vum CNIP.

Am Mee 1988 huet hien de Chirac bei Presidentewalen ënnerstëtzt. Hien huet säi Mandat als Deputéierte verluer, gouf awer direkt duerno am Juni 1989 als Europadeputéierten op der RPR-UDF-Lëscht déi vum Valéry Giscard d'Estaing ugeféiert gouf, gewielt. Am Mäerz 1992 gouf hie Conseiller régional vun der Île-de-France.

Hien ass bei engem Fligeraccident bei Calvi gestuerwen. Ënner den Affer vum Accident ware seng Fra Nathalie, Directrice vun NRJ säi Bouf Hugues, an den David Vallier e Pilot vum Aeroclub vun Ajaccio.