Yvonne Frisch-Urbany

Vu Wikipedia
Yvonne Frisch-Urbany
Gebuer 18. Abrëll 1923
Gestuerwen November 2013
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

D'Yvonne Frisch-Urbany, gebuer als Margaretha-Yvonne Urbany den 18. Abrëll 1923 zu Beesslek[1] a gestuerwen de 7. November 2013 zu Krautem, war eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin.

Hir Eltere waren d'Clara Feltgen an den Dominique Urbany. Fréi huet si sech politesch engagéiert, nodeem hire Papp, dee Schoulmeeschter war, 1934 vun der deemoleger Regierung Bech wéinst sengem Engagement an der KPL ofgesat gi war. Nom däitschen Iwwerfall op Lëtzebuerg war si aktiv an der kommunistescher Resistenz a gouf e puermol verhaft an an de Prisongen am Gronn an zu Tréier inhaftéiert.[2]

No der Befreiung, 1944, huet si ugefaangen ze schreiwen. Hir éischt Kuerzgeschicht ass am Raymon Mehlen senge Cahiers luxembourgeois erauskomm. Tëscht 1947 an 1974 huet si eng deeglech Rubrik an der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek geschriwwen. Ënner dem Pseudonym Yvonne-Marguerite huet si och Reportagen an der Lëtzenbuerger Revue a Kuerzgeschichten an auslänneschen Zeitunge publizéiert.[2]

1967 ass hiert éischt Buch, Katzbalgerei erauskomm, mat Illustratioune vun der Ger Maas, an 1997 Alles in Ordnung, vun der Anne Weyer illustréiert mat engem Virwuert vun der Nelly Moia.

Si war ënner anerem Presidentin vun der Union des femmes luxembourgeoises, Matgrënnerin vum Planning Familial, Sekretärin vum Centre culturel A.S. Pouchkine a Member an der KPL an duerno bei déi Lénk.[2]

D'Yvonne Frisch-Urbany ass d'Schwëster vum fréieren Deputéierte René Urbany.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsakt vun der Gemeng Ëlwen vum 18. Abrëll 1923
  2. 2,0 2,1 2,2 "D'Yvonne Frisch-Urbany ass am Alter vun 90 Joer gestuerwen." RTL.lu - 18.11.2013, 17:21 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.11.2013, 17:27.