Yvonne Stoffel-Wagener

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Yvonne Stoffel-Wagner)
Yvonne Stoffel-Wagener
Gebuer 16. Mee 1931
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 5. Abrëll 2014
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Turner

D'Yvonne Stoffel-Wagener, gebuer de 16. Mee 1931 zu Esch-Uelzecht an do gestuerwen de 5. Abrëll 2014[1], war eng lëtzebuergesch Turnerin an Olympionickin.[2]

Si war mam laangjärege Landesmeeschter am Turnen, dem Josy Stoffel bestuet.

D'Yvonne Stoffel-Wagener gouf 1945 Member vum Dammenturnveräin Avenir vun Déifferdeng. 1956 gouf si Landes- a Wantermeeschterin. Tëscht 1949 a 1968 war se Monitrice beim Avenir Déifferdeng. Vun 1950 bis 1965 war se Member vun der Nationalmannschaft, a vun 1966 bis 1973 Trainerin vun der Nationalmannschaft.

Si war 1954 op de Weltmeeschterschaften zu Roum an 1958 zu Moskau derbäi an 1960 bei den Olympesche Spiller zu Roum.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Sportwelt in Trauer: Yvonne Stoffel-Wagener verstorben wort.lu 8. Abrëll 2014.
  2. D'Yvonne Stoffel-Wagner op der Websäit vu sports-reference.com
  3. D'Yvonne Stoffel-Wagner op der Websäit vu sports-reference.com