Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
 |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Zäit ass eng physikalesch Gréisst. D'Formelzeechen vun der Zäit ass t, hir SI-Eenheet ass d'Sekonn s. Ënnert „Zäit“ versteet een d'Phenomen vun der Verännerung, dat als Iwwergank vun der Vergaangenheet iwwert d'Géigewaart an d'Zukunft opgeholl gëtt. D'Vergaangenheet ass dobäi de Beräich vun den Tatsaachen, d'Zukunft de Beräich vun de Méiglechkeeten. D'Vergoe vun der Zäit mécht aus Méiglechkeeten Tatsaachen, aus Zukunft Vergaangenheet. D'Fro nom Wiese vun der Zäit gehéiert zu den eelste Froe vun der Philosophie.