Zäitsystem
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Begrëff Zäitsystem ëmfaasst
- an der Wëssenschaft eng genee definéiert Zäitskala oder eng zesummegehéierend Grupp vun ähnleche Skalen, op déi konkret (gemoossen oder berechende) Zäitpunkte bezunn kënne ginn. Dës Skalen formen eng Art Moossstaf vun der Zäitmiessung an hunn
- als Grondlag e physikalesch-theoreteschet Modell, dat
- fir déi technesch Uwendung räichlech genee realiséiert si muss, beispillsweis duerch Zäitsignaler.
- Dat wichtegst vun dëse Zäitsystemer ass dat vun der Weltzäit (UT1, UTC) a säin Zesummenhank mat der Atom- a Stärenzäit. Et berout op der atomphysikalesch definéierter SI-Sekonn, der Bunnbeweegung vun der Äerd an der Äerdrotatioun.
- A Beräicher vun der Technik an am Alldag bedéit d’Wuert „Zäitsystem“ och individuell Zäitskalen, déi manner schaarf definéiert an dem jeweilegen Zweck ugepasst sinn. Beispiller heifir sinn:
- Zäitsystemer fir Aarbechtsvirbereedung oder fir Stiechaueren
- Software fir Déngschtleeschtungs-Betriber (zum Beispill GeoCON)
- Oszillatoren, Schwéngquarze fir PC-Betribsystemer
- Controller, Zäitmarken, Schaltkreeser asw.
- An der Chronologie an an der Geologie d’Definitioun vu Zäitskalen duerch groussarteg Evenementer wéi
- Grënnung vu Staaten an Dynastien - zum Beispill fir Roum: „ab urbe condita“
- Oflaf vu geologescher Formatioune a paläontologescher Leetfossilien, kuckt och Stratigraphie.
- bei Spiller, besonnesch Zwoupersounespiller, ein Regelwerk, fir de Spiller gläichméisseg vill Bedenkzäit ze ginn, kuckt Bedenkzäit.
Kontinuéierlech Zäitskalen als Grondlag vun alle Zäitsystemer kënnen och zur Bestëmmung vun Zäitdifferenze déngen – zum Beispill a Form vu Lafzäiten, Rechenzäiten, asw. Zäitdifferenze kënnen awer och onofhängeg vu Skale gemooss ginn - zum Beispill mat enger Stoppauer, mat engem Oszillator, enger Sandauer oder op dem Ënwee iwwer eng Vitesse.