Zacharias Jansen

Vu Wikipedia
Den Sacharias Jansen

Den Zacharias Jan(s)sen, gebuer ëm 1588 zu Den Haag, a gestuerwen ëm 1631 zu Amsterdam war en hollännesche Brëllemécher zu Middelburg op der Insel Walcheren. Heiansdo gëtt hie mat sengem Papp, den Hans Jansen als Erfinder vum Liichtmikroskop genannt. Dat ass ëmstridden.

Vum Zacharias Jansen gëtt gesot, datt hien op Commande vun der hollännescher Regierung spuenesch Koffermënze gefälscht hätt, déi benotzt goufen, fir d'Spuenier ze schwächen. No dëser Commande, gëtt och gesot, wier hie mat senger Falschmënzerei weidergefuer, an hätt Gold- a Sëlwermënze gefälscht. Fir deen Delikt gouf hien zum Doud a kachen Ueleg verurteelt.

Streidereien iwwer d'Iddi, wien d'Teleskop erfonnt huet, den Hans Lippershey oder den Zacharias, wie bei wiem geknäipt huet, ass haut net méi nozevollzéien.

Dat éischt Verbondmikroskop vun der Jansen-Famill war en einfache Rouer, deen um Enn Lënsen hat. D'Vergréisserung war dräi- bis néngmol, jee no Gréisst vun der Blend.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]