Zahi Hawass
Zahi A. Hawass (* 28. Mee 1947 zu Damiette, Egypten) ass en egypteschen Archeolog. En ass 2002 vum deemoolege Staatspresident Husni Mubarak zum Generalsekretär vun der egyptescher Altertumsverwaltung SCA ernannt ginn a gëllt als ee vun de renomméiersten a bedeitensten Egyptologen.
Inhaltsverzeechnes |
Biographie [änneren]
Den Zahi Hawass, deen am Ufank Affekot war, huet säi Studium am Joer 1967 an Alexandria mat engem Bachelor a griichescher a réimescher Archeologie ofgeschloss. Säin Diplom an der Egyptologie huet en och 1980 un der Kairo Universitéit vun Alexandria bestan.
Zousätzlech huet en zu Philadelphia an den USA Egyptologie a syresch-/palestinensesch Archeologie studéiert. Seng Promotioun krut en 1987 och do.
Nieft senger Aarbecht als Generalsekretär vun der egyptescher Altertumsverwaltung ass de Dr. Hawass am Ament ënnert anerem Gruewungsdirekter bei dëse Projeten:
- Drëtt Pyramid zu Gizeh (Mykerinos-Pyramid)
- Dalltempel vum Chephren zu Gizeh
- Griewer vun den Oppasser südëstlech vum Sphinx
- Teti-Pyramid (Teti II.) zu Saqqara
- Nazlet-el-Batran
- Beni Youssef
An engem weidere Projet ass en Direkter bei der Sphinx-Restauratioun a Manager vum Gizeh Plateau an de Gruewungsstätten zu Memphis.
Den Dr. Zahi Hawass schreift niewe senge verschiddenen Aarbechten och Skripte fir Dokumentatiounsfilmer déi sech mat der Egyptologie an egyptesche Studie befaassen. Dacks trëtt en dobäi och als Spriecher an de Filmer op.
An der leschter Zäit befaast sech den Dr. Hawass intensiv mam Pharao Tutanchamun. Fir d'Doudesuersaach erauszefannen, huet en de 6. Januar 2005 seng Mumie computertomografesch ënnersiche gelooss. Iwwert d'Resultater si fir d'Joer 2005 nei Bicher vun em ze erwaarden.
Literatur [änneren]
An englescher Sprooch [änneren]
- Zahi Hawass, The Golden Age of Tutankhamun: Divine Might and Splendor in the New Kingdom, The American University in Cairo Press, 2004, ISBN 977-424-836-8
- Zahi Hawass, Curse of the Pharaohs: My Adventures with Mummies, National Geographic Society, 2004, ISBN 0-7922-6665-X
- Zahi Hawass, Hidden Treasures of Ancient Egypt: Unearthing the Masterpieces of the Egyptian History, National Geographic Society, 2004, ISBN 0-7922-6319-7
- David Fromkin, Zahi A. Hawass, Milton Viorst, Cradle & Crucible: History and Faith in the Middle East, National Geographic Society, 2004, ISBN 0-7922-6597-1
- Zahi Hawass, Egyptology at the Dawn of the Twenty-First Century, Vol. 1 - 3, The American University in Cairo Press, 2003
- Zahi Hawass, Secret from the Sand: My Search for Egypt's Past, Harry N. Abrams, 2003, ISBN 0-8109-4542-8
- Zahi Hawass, Bibliotheca Alexandrina: The Archaeology Museum, The American University in Cairo Press, 2003, ISBN 977-305-326-1
- Zahi Hawass, The Treasures of the Pyramids, White Star Editions, 2003, ISBN 88-8095-233-1
- Zahi Hawass, The Mysteries of Abu Simbel: Ramesses II and the Temples of the Rising Sun, The American University in Cairo Press, 2001, ISBN 977-424-623-3
- Zahi Hawass, The Secrets of the Sphinx: Restoration Past and Present, The American University in Cairo Press, 2000, ISBN 977-424-492-3
- Zahi Hawass, Silent Images: Women in Pharaonic Egypt, Harry N. Abrams, 2000, ISBN 0-8109-4478-2
- Zahi Hawass, Valley of the Golden Mummies: The Greatest Egyptian Discovery Since Tutankhamun, Virgin Books, 2000, ISBN 1-85227-849-8
An däitscher Sprooch [änneren]
- Zahi Hawass, Das Tal der goldenen Mumien, Scherz, 2000, ISBN 3-502-15300-0
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Zahi Hawass – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Portal Egyptopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer dat aalt Egypten. |