Zaldotekierfecht vun Hotton

Vu Wikipedia
Zaldotekierfecht vun Hotton
Den Zaldotkierfecht am Abrëll 2011
Typ Commonwealth-Graf
Land Belsch
Gemeng Hotton
Koordinaten 50°15'45,0"N, 5°26'48,1"O

Den Zaldotekierfecht vun Hotton bei Marche an der belscher Provënz Lëtzebuerg ass e Militärkierfecht, op deem Zaldoten aus dem Zweete Weltkrich aus de Commonwealth-Länner begruewe leien.

Déi meescht Griewer um Kierfecht stamen aus der Period vun der Ardennenoffensiv am Januar 1945. En ettlech si vun Zaldoten, déi zum britteschen Expeditiounskorps gehéiert hunn an déi am Mee 1940 op de belsche Verdeedegungslinne gefall sinn.

Wéi bei de meeschte Commonwealth-Kierfechter steet an der Entrée e grousst Afferkräiz aus wäissem Steen op deem e Kruzifix aus Bronz festgemaach ass. Riets a lénks vum Kräiz stinn zwéi kleng véiereckeg Pavillonen, op deenen hirer viischter Säit eng stenge Plack ass, an op deenen e Remerciement agravéiert ass, fir dem belsche Vollek Merci ze soen, well et déi Plaz zur Verfügung gestallt huet, um lénksen op Franséisch an um rietsen op Hollännesch.

Op enger englesch-sproocheger Plack steet dësen Text:

THE LAND ON WHICH
THIS CEMETERY STANDS
IS THE GIFT OF
THE BELGIAN PEOPLE
FOR THE
PERPETUAL RESTING PLACE
OF THE
SAILORS SOLDIERS
AND AIRMEN
WHO ARE
HONOURED HERE

Um Kierfecht gëtt et 668 Griewer, dovu 666 vu Commonwealth-Zaldoten, wouvun der 21 net identifizéiert sinn. Et gëtt zwee Griewer vun Zaldoten, déi op der Säit vun de Commonwealth-Truppe gekämpft hunn an zwar e Belsch an e polnesche Leitnant. Eng Plack erënnert un d'Pilote vum Fligercrash op der Maulesmillen, déi net zu Hotton begruewe goufen, mä deenen hir Griewer op där Plaz am Bësch sinn, wou och d'Reschter vum erofgefallene Fliger leien.

Op enger Plack mat enger Landkaart, an der Entrée vum Kierfecht, ginn d'Truppebeweegunge vun den Alliéierte beschriwwen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zaldotekierfecht vun Hotton – Biller, Videoen oder Audiodateien