Zaldotekierfecht vun Hotton

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 50° 15’ 44.84’’ N 05° 26’ 49.36’’ O
Den Zaldotkierfecht am Abrëll 2011

Den Zaldotekierfecht vun Hotton bei Marche an der belscher Provënz Lëtzebuerg ass e Militärkierfecht, op deem Zaldoten aus dem Zweete Weltkrich aus de Commonwealth-Länner begruewe leien.

Déi meescht Griewer um Kierfecht stamen aus der Period vun der Ardennenoffensiv am Januar 1945. En etlecher si vun Zaldoten, déi zum Briteschen Expeditiounskorps gehéiert hunn an déi am Mee 1940 op de belsche Verdeegegungslinne gefall sinn.

Wéi bei de meeschte Commonwealthkierfechter steet an der Entrée e grousst Kräiz aus wäissem Steen op deem e Kruzifix aus Bronze festgemaach ass. Riets a lenks vum Kräiz stinn zwéi kleng véiereckeg Pavillonen, op deenen hirer viischter Säit eng stenge Plack ass, an op deenen e Remerciement agravéiert ass, fir dem belsche Vollek Merci ze soen, well et déi Plaz zur Verfügung gestallt huet, op dem lénksen op franséisch an op dem rietsen op hollännesch.

Um Kierfecht gëtt et 668 Griewer, dovunner 666 vu Commonwealth-Zaldoten, wouvunner der 21 net identifizéiert sinn. Et gëtt zwee Griewer vun Zaldoten, déi op der Säit vun de Commonwealthtruppe gekämpft hunn an zwar e Belsch an e polnesche Leitnant.

Op enger Plack mat enger Landkaart, an der Entrée vum Kierfecht, ginn d'Truppebewegunge vun den Alliéierte beschriwwen.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht