Zdeněk Miler

Vu Wikipedia
Zdeněk Miler
Gebuer 21. Februar 1921
Gestuerwen 30. November 2011
Nationalitéit Tschechesch Republik
Aktivitéit Cartoonist, Filmregisseur, Illustrateur, Animateur, Moler, Dréibuchauteur, Regisseur, Graphiker

Den Zdeněk Miler, gebuer den 21. Februar 1921 zun Kladno (Tschechoslowakei), a gestuerwen den 30. November 2011 zu Nová Ves pod Pleší[1], war en tschecheschen Zeechner an Dessins-animés-Mécher.

De Miller huet Graphik studéiert an zanter 1942 Zeechentrickfilmer gemaach. Nom Zweete Weltkrich ass e bei d'Dessins-animés-Produktiounsfirma Bratři v triku schaffe gaangen, där hiren Direkter e méi spéit gouf.

Bekannt ass virun allem säi Personnage "Klenge Maulef" (op tschechesch: "Krtek" oder "Krteček", op Däitsch: "Kleiner Maulwurf"), vun deem en zanter 1957 eng 50 Episode vun enger 5 Minutte gemaach huet. D'Serie hat an huet e grousse Succès an ass an 80 Länner gewise ginn. Aner Serien haten eng kleng Grill ("Cvrček") als Haaptpersonnage.

2006 krut e vum Staatspresident Václav Klaus den tscheche Gielchen pour le mérite fir säi Liewenswierk.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Maulwurf-Erfinder gestorben. In: die tageszeitung, 1. Dezember 2011.
  2. Orden für Trickfilmzeichner: Große Ehre für kleinen Maulwurf, n-tv, 29. Oktober 2006