Zeilespronkverfahren

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Zeilesprongverfahren)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Ënnert dem Zeilespronkverfahren (eng.: Interlaced-Modus) versteet een d'Method, fir beweegt Biller opzehuelen, z'iwwerdroen an unzeweisen. D'Zeilenspronkverfahre gëtt bei der Fernsehiwwerdroung benotzt.

Aféierung[änneren]

Oflaaf vun enger Bewegung

E beweegt Bild entsteet doduerch, datt mindestens 20 Biller séier hannerteneen ugewise ginn. Jiddwer Liichtreiz verursaacht Nowierkungen op der Netzhaut vu bis zu e puer Millisekonnen. Hei schwätzt ee vun der Späicherfunktioun vum A. Well awer bei 20 Biller pro Sekonn (B/s) e Flimmeren entsteet, schaffen europäesch Fernsehsender mat 25 Vollbiller pro Sekonn. Dobäi entsteet awer e Groussflächeflimmeren.

Jiddwer Bild vun de 25 Vollbiller gëtt dofir an zwee Hallefbiller mat hallwer Zeilenzuel opgedeelt:

  • Zeilennummere vum éischten Hallefbild: 1, 3, 5, 6, 7...
  • Zeilennummere vum zweeten Hallefbild: 2, 4, 6, 8...

D'Hallefbiller ginn dono awer nees vum A zu engem Vollbild zesummengesat. De Virdeel besteet doranner, datt bal kee Flimmeren duerch déi 50 Donkelphase méi entsteet an d'Bandbreed vun der Iwwerdroung sech net vergréissert.

100Herz-Technik[änneren]

Bei der 100Herz-Technik gëtt d'Flimmere komplett ënnerdréckt. Jiddwer Hallefbild gëtt als éischt digitaliséiert an an e séire Späicher geschriwwen. Dono gëtt déi gespäichert Informatioun nees an analoger Form a mat duebeler Vitesse op de Bildschierm geschriwwen. Sou kritt een 100 Donkelphase pro Sekonn. Elo huet ee schonn 100 Hallefbiller pro Sekonn.