Zeilespronkverfahren

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Ënner dem Zeilespronkverfahren (eng.: Interlaced-Modus) versteet een d'Method, fir beweegt Biller opzehuelen, z'iwwerdroen an ze weisen. D'Zeilespronkverfahre gëtt bei Fernsehtransmissioune benotzt.

Aféierung[änneren | Quelltext änneren]

Oflaf vun enger Bewegung

E beweegt Bild entsteet doduerch, datt op d'mannst 20 Biller séier hannereneen ugewise ginn. Jiddwer Liichtreiz verursaacht Nowierkungen op der Netzhaut vu bis zu e puer Millisekonnen. Do schwätzt ee vun der Späicherfunktioun vum A. Well awer bei 20 Biller pro Sekonn (B/s) e Flimmeren entsteet, schaffen europäesch Fernsehsender mat 25 Vollbiller pro Sekonn. Dobäi entsteet awer e Groussflächeflimmeren.

Jiddwer Bild vun de 25 Vollbiller gëtt dofir an zwee Hallefbiller mat hallwer Zeilenzuel opgedeelt:

  • Zeilennummere vum éischten Hallefbild: 1, 3, 5, 7...
  • Zeilennummere vum zweeten Hallefbild: 2, 4, 6, 8...

D'Hallefbiller ginn duerno awer nees vum A zu engem Vollbild zesummengesat. De Virdeel besteet doran, datt duerch déi 50 Donkelphase bal kee Flimmere méi entsteet an d'Bandbreet vun der Iwwerdroung sech net vergréissert.

100Herz-Technik[änneren | Quelltext änneren]

Bei der 100Herz-Technik gëtt d'Flimmere komplett ënnerdréckt. Jiddwer Hallefbild gëtt fir d'éischt digitaliséiert an an e séiere Späicher geschriwwen. Duerno gëtt déi gespäichert Informatioun nees an analoger Form a mat duebeler Vitesse op de Bildschierm geschriwwen. Sou kritt een 100 Donkelphase pro Sekonn, wat 100 Hallefbiller pro Sekonn ausmécht.