Zentauren (Astronomie)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Positioune vun Asteroiden. Zentauren (orange) Asteroiden an der Kuiperceinture (gréng) a Jupiter Trojaner (rosa).
D'Zentauren, genannt no den Zentauren vun der griicheschen Mythologie, sinn eng Klass vun Asteroide, déi sech tëschent den Ëmlafbunnen vu Jupiter an Neptun ëm d'Sonn beweegen (kuckt och Lëscht vun den Asteroiden – Zentauren).
Bei e puer Zentauren, zum Beispill Pholus, gouf gefruerent Waasser op der Uewerfläch entdeckt, bei aneren wéi de Chiron konnt bis elo kee Waasseräis nogewise ginn. Wahrscheinlech sinn d'Zentauren „erkalte“ Koméite, deeren fréier flüchteg Bestanddeeler, wéi z.B. Waasseräis oder Methan am der Tëschenzäit méi oder wéineger subliméiert sinn. Dogéint gëtt awer den Zentaur Chiron, zënter datt en Halo entdeckt gouf, och als Koméit klassifizéiert.
Déi dräi éischt entdeckte Zentaure sinn
- 2060 Chiron (1977)
- 5145 Pholus (1992) an
- 7066 Nessus (1993).