Zentralbierg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Zentralbierg ass en typescht topographescht Kennzeeche vu groussen Aschlagkrateren. Wéi den Numm et schonns seet, läit den Zentralbierg meeschtens an der Mëtt vum Krater. En entsteet duerch d'Zréckfiedere vum Kraterbuedem am Ament nom Impakt. Jee no Beschafenheet vum Ënnergrond, Energie vum Aschlag a Gravitatioun vum betraffenen Himmelskierper formt sech den zentralen Hiwwel am Krater bei ënnerschiidlechem Duerchmiesser; um Äerdmound ongeféier vun 20 km Duerchmiesser un. Den 93 km grousse Moundkrater Copernicus (s. u.) huet e puer Zentralbierger, déi bis 1200 m iwwert aus Kraterbuedem erauskucken.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Referenzen [änneren]